arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Verwaltung kontrolléiert Accessibilitéit vun de Servicer

Nei EU-Direktiv 

|
headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Nei Verwaltung kontrolléiert Accessibilitéit vun de Servicer

Eng nei EU-Direktiv, déi d'Länner dozou verflicht, Servicer an Apparater fir jiddereen accessibel ze maachen, ass den 28. Juni a Kraaft getrueden. Zu Lëtzebuerg soll eng fuschnei Verwaltung d'Ëmsetzung vun dëser Direktiv elo iwwerpréiwen.

headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow
François Engels  | © Michelle Barthel
François Engels (Foto: Michelle Barthel)

Den OSAPS, den Office de la Surveillance de l'Accessibilité des Produits et Services, soll dofir suergen, datt d'Accessibilitéit vu Servicer an Apparater a sämtleche Beräicher verbessert gëtt, fir datt jiddereen, och Leit mat Behënnerung, oder eeler Leit, se gebrauche kënnen.

Virun allem déi digital Servicer a Produite falen ënner hir Zoustännegkeet, erkläert den Direkter François Engels. Dat kënne Smartphonen oder Tablette sinn awer och Bancomaten oder eReaderen. Bei de Servicer geet et ëm den eCommerce an den Onlinebanking also alles wat digital Kommunikatioun ugeet an och bei de Medien, dem 112 an dem 113 kontrolléiert den OSAPS. 

15 Prozent si betraff

Den Direkter vun der neier Verwaltung François Engels seet, et kéint een net genee ausmaachen, wéi vill Leit vun eventuelle Problemer betraff wieren. 

Am leschte Recensement hätten awer zum Beispill ronn 15 Prozent vun de Leit uginn, datt si eng Form vun Incapacitéiten hunn. Eng Prioritéit wier elo, mat de Betriber zesummenzeschaffen, fir hinnen ze hëllefen hir Servicer an aner Produite méi accessibel ze maachen, esou de François Engels.

"Et ass awer esou, datt d'Betriber awer agesinn hunn, datt et éischtens mol eng Clientèle ass, déi se net wëlle verléieren, an zweetens, datt et awer och wichteg ass. A mir sinn elo wierklech amgaange mat de Betriber - also d'Betriber selwer hunn natierlech d'Responsabilitéit, mee mir sinn natierlech als Ulafstell do - a mir kucken, datt mir déi Dossieren elo an deenen nächste Méint a Joren awer wierklech e bësse méi pushen." 

Lëtzebuerg géif am gudde Mëttelfeld leien, wat déi scho bestoend Accessibilitéit ugeet, seet de François Engels. 

Fir déi staatlech Sitte, wéi zum Beispill de Guichet.lu, wier den OSAPS net zoustänneg. Et géif een awer zesummenschaffen.

play_arrow Lauschteren