arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russescht Verméige benotzen: Luc Frieden bleift skeptesch

INFORMELLEN EU-SOMMET

|
headphones

5 min

Russescht Verméige benotzen: Luc Frieden bleift skeptesch

Um informellen EU-Sommet diskutéieren d’EU-Staats- a Regierungscheffen doriwwer, ob een der Ukrain soll een Deel vum agefruerene russesche Staatsverméigen als Prêt zur Verfügung stellen. De Luc Frieden bleift skeptesch a schwätzt vun enger "Gefor fir ganz Europa”.

headphones

5 min

De Premier Luc Frieden schwätzt mat der Press am Christiansborg Castle zu Kopenhagen | © EPA/THOMAS TRAASDAHL DENMARK OUT
De Premier Luc Frieden schwätzt mat der Press am Christiansborg Castle zu Kopenhagen (Foto: EPA/THOMAS TRAASDAHL DENMARK OUT )

D’EU wëllt der Ukrain weider hëllefen a sicht no Weeër, ob een dofir net dat agefruerent russescht Verméige benotze kéint. 

Um informellen EU Sommet soll um Mëttwoch doriwwer diskutéiert ginn. Eng Partie Länner, dorënner Lëtzebuerg, hu sech bis elo skeptesch gewisen. Och déi Europäesch Zentralbank hat Bedenke geäussert a virdru gewarnt, den Euro kéint als Wärung duerch esou eng Aktioun destabiliséiert ginn.

Konkreet geet et ëm 140 Milliarden Euro: Dat wier esou vill, wéi d'Ukrain brauch, fir déi nächst zwee Joer seng Defense ze finanzéieren, esou d'EU-Kommissioun. Si huet de Länner eng Propos gemaach, wéi een déi Sue kéint notzen, fir der Ukrain ze hëllefen.

Luc Frieden: Fro vum Remboursement vum Prêt net kloer

D'Zuel vun deenen, déi dofir sinn, klëmmt awer. Ufanks der Woch hat sech den däitsche Kanzler Friedrich Merz an engem Meenungsbäitrag dofir ausgeschwat.

De Luc Frieden awer bleift skeptesch. Déi Propositioun géif “vill Froen opwerfen”, esou de Premier um Mëttwochmëtteg kuerz virun der Reunioun.

"Ech hunn nach net verstanen, wien dee Prêt géing rembourséieren, wa Russland enges Daags net déi Reparatiounskäschen dréit. Ech hunn dat Ganzt nach net verstanen. An duerfir muss ee fir d'éischt elo mol deene Leit, déi déi Propositioune maachen - der Kommissioun, Däitschland - nolauschteren. Da muss een dat examinéieren. Mir si net an enger Situatioun, an där mir schnell kënnen eng Äntwert dorop ginn."

"Konsequenz kéint eng Gefor fir Europa duerstellen"

D'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet en Dënschdeg betount, et géif sech hei net ëm eng Confiscatioun - also ëm eng Saisie - handelen. D’Ukrain krit déi Sue geléint a misst se zeréckbezuelen, am Fall wou Russland fir d'Schied vum Krich opkënnt.

De Luc Frieden fäert d’Konsequenze vun esou enger Aktioun. Hei kéint ee Präzedenzfall geschafe ginn, “firSue vun anere Staaten an Europa”.

"Well wann d'Impressioun entsteet, datt an Europa politesch Decisioune kënnen einfach Avoiren ewechhuelen, dann ass dat eng Gefor fir ganz Europa. Mee dat heescht net, datt ee keng Léisung ka fannen, mee zu där Léisung, déi dann um Dësch läit, mengen ech muss d'Europäesch Zentralbank, déi fir d'Stabilitéit vun der Eurozon zoustänneg ass, och hir Meenung soen."

Hien géing och gären “d’Meenung vun eisem belschen Noper héieren”. De Gros vum sanktionéierte russesche Verméige läit an der Belsch beim Finanzdégschtleeschter “Euroclear” mat Sëtz zu Bréissel. De belsche Premier Bart de Wever hat virgëschter betount, d’Belsch wier net prett de Risiko eleng ze droen, am Fall vun engem Prêt fir d’Ukrain.

Et géif “keng Urgence” ginn, eng Decisioun ze huelen, esou de Luc Frieden. 

Unanimitéit soll prinzipiell bestoe bleiwen

Déi russesch Sue sinn zënter 2022 agefruer. Fir datt dat esou bleift, mussen d’Sanktiounen all sechs Méint verlängert ginn, andeems déi 27 EU-Länner dat eestëmmeg decidéieren. E Prozess, an deem Ungarn reegelméisseg mat engem Veeto dreet.

D’EU-Kommissioun huet proposéiert, d’Unanimitéit eventuell opzehiewen. Doriwwer, ob Lëtzebuerg dofir ass oder net, wollt de Premier sech net festleeën.

"Ech wëll einfach drop hiweisen, datt mir elo schonn 19 Päck konnten unhuelen a mir och iwwer dee Problem vun der Unanimitéit ewech komm sinn. An duerfir sinn ech zouversiichtlech, datt mir och op deem dote Sujet weiderkommen."

An enger anerer Fro awer stéing Lëtzebuerg hanner der Propos, ouni eestëmmeg Decisioun virunzekommen. 

D’Europäesch Kommissioun hat scho virun enger Zäit festgehalen, datt d’Ukrain genuch Reformen ënnerholl huet, an datt een dowéinst am Prozess fir Member vun der EU ze ginn, deen nächste Schrëtt maachen a mat de konkrete Verhandlungen ufänke kéint.

Dat kann awer just da geschéien, wann déi 27 Memberlänner eestëmmeg Jo dozou soen.

Och hei ass Ungarn dogéint a blockéiert. An och do läit elo eng Propos um Dësch: De Conseilspresident António Costa schléit vir, de System liicht ze änneren, andeems et duergeet, wann d’Majoritéit vun de Länner an net se alleguerten hiren Accord ginn, fir datt déi nächst Etapp am Bäitrëttsprozess agelaut gëtt.

Lëtzebuerg ass dofir, seet de Luc Frieden. Et géing hei awer net drëm goen, d’Unanimitéit an der Fro, ob d’Ukrain um Enn Member vun der EU ka ginn, opzehiewen. Déi misst bestoe bleiwen.

"Ech ënnerstëtzen do déi Propositioun vum Conseilspresident Costa. Mee hei geet et just drëm, ob ee ka weider verhandelen. Dat ass éischter eng Verfahrensfro. Dat steet net an engem Traité. An duerfir mengen ech, et soll een do pragmatesch sinn."

Scho virun der Reunioun an der dänescher Haaptstad hate widderhuelt Tëschefäll mat net identifizéierten Drone fir Opreegung gesuergt. Zënter leschter Woch gouf et ëmmer nees Dronenalarm. 

Virun deem Hannergrond diskutéieren d’Staats- a Regierungscheffen ënner anerem och iwwer d’Iddi vun enger “europäescher Drone-Mauer”. Dobäi geet et drëm, onbemannt Dronen ze detektéieren, ze suivéieren an am Extremfall ofzefänken.

Europäesch Drone-Mauer: Gesetzer zu Lëtzebuerg missten eventuell ugepasst ginn

Prinzipiell wier déi Iddi “interessant”, kommentéiert de Luc Frieden dës Propos vun der EU-Kommissioun. Zu Lëtzebuerg hätt sech d’Situatioun vun enger Dronenattack nach net gestallt, preziséiert de Premier.

"Ech mengen net, datt mir zu Lëtzebuerg déi Gesetzgebungen hätten, fir esou Saachen ofzeschéissen, well mir déi Situatioun eigentlech an engem militäresche Konflikt bis haut nach net haten. Mir kënnen eise Loftraum schléissen. Mir kënnen de Loftraum reegelen, och bei zivillen Dronen. Mee hei si mir an engem ganz anerem Zenario. An dofir musse mir kucken, wat mir an Europa an zu Lëtzebuerg an deem Beräich maachen."

Decisioune ginn zu Kopenhagen keng geholl. D’Gespréicher sollen den Terrain preparéiere fir de regulären EU-Sommet Enn Oktober zu Bréissel.