arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Staats-Sue fir d’Ukrain: D’EU-Kommissioun seet, wéi dat goe soll

Agefruere Suen

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Russesch Staats-Sue fir d’Ukrain: D’EU-Kommissioun seet, wéi dat goe soll

E groussen Deel vun de ronn 210 Milliarden Euro vum russesche Staatsverméigen, déi zënter dem Ufank vum Krich an der EU festgesat goufen, géifen der Ukrain als Prêt zur Verfügung gestallt ginn, esou eng vun den zwou Iddien, déi d’Kommissioun um Mëttwochmëtteg presentéiert huet.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / imageBROKER | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Christian Ohde)

Den Internationale Wärungsfong schätzt de Besoin vun der Ukrain fir déi nächst zwee Joer op 135 Milliarden Euro. D’EU géing zwee Drëttel dovun iwwerhuelen, sot d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen.

Bis Enn 2027 soll d’Ukrain dowéinst 90 Milliarden Euro vun der EU geléint kréien. 

"Russland versteet nëmmen, wann een Drock ausüübt"

Drock ass déi eenzeg Sprooch, déi Russland versteet, esou d’Ursula von der Leyen um Mëttwochmëtteg zu Bréissel.

"Mir mussen d’Käschte fir de Krich an d’Luucht dreiwen. Eis Propos mécht genee dat."

Der Ukrain soll ënner anerem gehollef ginn, hir Defense-Industrie opzebauen.

Am Ganzen 90 Milliarden Euro soll d’Land vun der EU kréien - wouhier? 

Dofir mécht d’Kommissioun zwou Proposen: Eemol kéint d’EU selwer Sue fir d’Ukrain léine goen. Verschidden EU-Länner wéi Däitschland oder Holland hu sech allerdéngs schonn zimmlech däitlech dogéint ausgeschwat.

Déi zweet Variant gesäit vir, datt d’Suen aus dem an der EU immobiliséierte Staatsverméige kommen.

Déi meescht leien an der Belsch, mee et sollen och kleng Zomme genotzt ginn, déi an anere Länner festgeluecht sinn. Do goufe Frankräich, Däitschland, Schweden an Zypern genannt.

Net Lëtzebuerg, wou wuel just 10.000 Euro russesch Staatssuen anzwousch placéiert sinn. Dat hat de Premier Luc Frieden am Oktober um EU-Sommet preziséiert. Eng Zomm, déi wuel kaum an d’Gewiicht fält.

Belsch dogéint

D’Belsch hat protestéiert. De Premier Bart de Wever hat d’Iddi, déi russesch Suen ze benotzen als fundamental falsch bezeechent a virun de Risike gewarnt.

"Eent ass sécher: Mir wäerten d’Laascht deelen, esou wéi dat der EU hir Manéier ass."

De Plang géif entspriechend Garantië virgesinn, esou d’Ursula von der Leyen.

Si sot och, datt d’Belsch de Risiko net aleng droe misst, mee datt d’EU Memberlänner alleguerten, genee ewéi den EU-Budget géifen doru bedeelegt ginn.

Um EU-Sommet am Dezember wëllen d’Staats- a Regierungscheffen eng Decisioun doriwwer huelen.

play_arrow Lauschteren