Si hat geschriwwe Russland géif versichen, Europa ze splécken, an et dierft een net an déi Fal trëppelen. Andeems d'Europäer mat den USA zesummeschaffen, kënne mir e gerechten an dauerhafte Fridden zu de Konditioune vun der Ukrain erreechen, esou d'Kaja Kallas.
"Neen, dat kënnt Dir net", schreift de Fernand Kartheiser drënner. D'Ukrain hätt de Krich verluer. Et misst esou séier wéi méiglech mam Ëmbrénge vu Leit opgehale ginn, esou de Fernand Kartheiser.
No you can’t. Ukraine has lost the war. Stop the killing as soon as possible!
— Fernand Kartheiser (@FernKartheiser) February 19, 2025
Wéinst senge russlandfrëndlechen Aussoen zejoert an engem Interview mat enger russescher Zeitung war den ADR-Politiker am Europaparlament ënner Drock geroden. Seng Fraktioun - déi Europäesch Konservativ a Reformer - hat dowéinst an engem Bréif Erklärunge vum Fernand Kartheiser gefuerdert an eventuell Mesuren envisagéiert.