arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir maache kee Blankoscheck un d'Fransousen"

Aussepolitik

|
headphones

4 min

headphones

14 min

play_arrow

"Mir maache kee Blankoscheck un d'Fransousen"

Agefruere russesch Staatsverméigen, de Mercosur-Accord a rezent Entrevuen zum Theema franséisch Frontalieren: D'Agenda vum Ausseminister Xavier Bettel ass chargéiert. Déi eenzel Positiounen an den Dossiere si kloer definéiert.

headphones

4 min

headphones

14 min

play_arrow
© EPA/OLIVIER MATTHYS
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Zu Bréissel kommen haut um Donneschdeg d’Staats - a Regierungscheffen aus den EU-Länner zesummen. Et geet bei deem Sommet ënner anerem dorëms d'Fro ze klären, ob russesch Staatsverméigen, déi an der EU agefruer sinn, benotzt kënne gi fir d'Ukrain finanziell ze ënnerstëtzen.

"Et geet ëm de Prinzip vun der Solidaritéit"

De gréissten Deel vun deene russesche Staatssuen, iwwer déi hei geschwat gëtt, sinn an der Belsch bei der Firma Euroclear blockéiert. Eis Nopere fäerten dofir, si kéinten an d'Schosslinn geroden, wann déi Suen eng Kéier missten zeréckbezuelt ginn.

De Xavier Bettel betount am 100,7-Interview, datt innerhalb vun der EU séier "Strausspolitik" gemaach gëtt, wann et dorëms goe géing, eppes ze bezuelen.

Selbstverständlech wier Lëtzebuerg awer net am Wee, wann déi aner sech alleguerten eens ginn, betount de Xavier Bettel.

“Dat, wat fir eis wichteg ass, ass, datt et awer e Prinzip vu Solidaritéit gëtt, datt een de Belsch awer ka soen, wa mir muer géife condamnéiert ginn, datt si net eleng mussen zeréckbezuelen. Dat ass fir eis d'Grondbasis vun enger Solidaritéit an Europa.”

"Merco pas si sûr" oder "Merco très sûr"?

En aneren Test fir déi europäesch Eenheet gëtt et, wann zu Bréissel iwwer de Fräihandelsaccord mat de südamerikanesche Mercosur-Staate verhandelt gëtt. Am Fong sollt deen Deal de Weekend schonn ënnerschriwwe ginn, mee et gëtt och do weider keen definitiven Accord ënner den EU Staaten.

Lëtzebuerg wäert deen Accord ënnerstëtzen, seet de Xavier Bettel. Dat, well een déi gefrote Garantien all kritt hätt. Déi betreffen ënner anerem d’Qualitéit. Mat deene Garantië kéint een dem europäesche Consommateur och europäesch Standarde garantéieren, betount den Ausseminister.

“Mir hu Garantië kritt och fir d'Kontrollen. Mir hu Garantien och kritt, fir de Baueren entgéintzekommen, wann en ze grouss Lach géif kommen. Dat heescht, bei eis war et jo am Ufank de 'Merco pas si sûr'. Ech wëll net soen, datt et de 'Merco très sûr' lo ass, wéinst den Haltunge vu verschidde Länner, mee am Moment hu mir déi Saachen, déi mir gefrot hunn, och kritt. An dowéinster kéinte mir och eis Zoustëmmung ginn.”

Frontaliere musse vun Investissementer profitéieren

Als Ausseminister hat den DP-Politiker d'lescht Woch awer och eng Reunioun mam franséischen Europaminister, fir iwwer déi alldeeglech Realitéit vun den Dausende franséische Frontalieren ze schwätzen, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen.

Dem Xavier Bettel säi franséischen Amtskolleeg schéngt net zefridde gewiescht ze si mam Verlaf vun deene Gespréicher. Hien huet d'Press duerno separat invitéiert a gefuerdert, Lëtzebuerg misst méi Steiersuen u Frankräich oftrieden.

Doriwwer diskutéiere kéint een ëmmer, esou de Xavier Bettel, mee déi Lëtzebuergesch Positioun wier kloer: Wa Suen investéiert ginn, da just esou, datt et och d’Liewe vun deene Leit, déi all Dag an de Grand-Duché schaffe kommen, effektiv verbessert.

De Xavier Bettel nennt Beispiller: Infrastruktur wéi Park-and-Riden a Brécken, oder awer och Crèchen.

“Et geet drëms, d'Liewe vun deene Frontalieren, déi och zu Lëtzebuerg hir Steiere bezuelen, déi hei och zum Succès vun onsem Wirtschaftsmodell féieren, och do e Retour kënnen ze ginn.”

Och iwwer den Teletravail géing aktuell diskutéiert ginn, seet den Ausseminister. Mee: "Mir maache kee Blankoscheck einfach u Fransousen." Dat hätt een déi lescht 10 Joer net gemaach, an et géing een och elo net ufänken, dat ze maachen.

De Xavier Bettel ass awer och der Meenung, datt esou Diskussiounen am Kader vun der franséische Kommunalwale mol méi hëtzeg geféiert ginn. Wann déi bis eriwwer sinn, da rechent de fréiere Premier och domadder, datt sech den Toun nees ännert.

Net frou, wann de Koalitiounspartner schlecht Sondage-Wäerter huet

Als Vizepremier huet de Xavier Bettel och e Bléck op déi national Politik. D’Regierung huet turbulent Wochen a Méint hanner sech: Kritik vu Gewerkschaften, eng grouss Demo am Summer, an eng rezent Regierungsëmbildung.

Als Regierung misst een eben heiansdo onpopulär Decisiounen huelen, esou de Xavier Bettel. Déi aktuell Sondagen, an deenen d’CSV vill verluer huet, gesäit hien net esou enk. Et wier eng Momentopnam. Wann de Koalitiounspartner awer schlecht ofschneit, géing eng DP sech net doriwwer freeën.

“Et sinn d'Dossieren. Si hu vläicht d'Dossieren, déi méi kriddeleg sinn, déi da beim Wieler vläicht méi unecke wéi anerer.”

Mee och d’DP hätt keng einfach Dossieren, betount de Vizepremier. Logement, Educatioun an den Aarmutsplang wiere "kee Spadséiergang".

play_arrow Lauschteren