arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei NATO-Initiativ: Lëtzebuerg bedeelegt sech um Kaf vu Waffe fir d'Ukrain

Aarbechtsvisitt

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Nei NATO-Initiativ: Lëtzebuerg bedeelegt sech um Kaf vu Waffe fir d'Ukrain

Lëtzebuerg wäert sech finanziell un der neier NATO-Initiativ PURL (Prioritised Ukraine Requirements List) bedeelegen: Dat huet de Premier Luc Frieden haut um Dënschdeg bei der Aarbechtsvisitt vum NATO-Generalsekretär Marc Rutte ugekënnegt.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
v.l.n.r. Marc Rutte, Luc Frieden, Yuriko Backes  | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
v.l.n.r. Marc Rutte, Luc Frieden, Yuriko Backes (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Bei dëser Initiativ geet et dorëm, zesumme mat anere Staaten e Pak vu 500 Milliounen US-Dollar mat Waffe fir d’Ukrain ze kafen. De Marc Rutte huet den neien Engagement vu Lëtzebuerg begréisst. 

Wéi vill Sue Lëtzebuerg fir déi nei NATO-Initiativ fir Waffe fir d’Ukrain wäert zur Verfügung stellen, wier nach net gewosst, esou de Premier Luc Frieden op Nofro, um Bord vun der Visite vum NATO-Generalsekretär.

"Ukrain muss sech selwer verdeedege kënnen"

Lëtzebuerg wéilt elo Partnere fannen, mat deenen zesummen ee Package vu 500 Milliounen Dollar kéint kaaft ginn. Op der gemeinsamer Pressekonferenz mat der Verdeedegungsministerin Yuriko Backes a mam Mark Rutte, hat de Luc Frieden virdrun d’Bedeelegung vu Lëtzebuerg un der neier NATO-Initiativ PURL ugekënnegt.

"Wat d'Prioritised Ukraine Requirements List ass. Dat bedeit, datt mir zesumme mat anere Länner, déi mir nach mussen identifizéieren, ee Package vu schonn disponibele Waffen, zum groussen Deel amerikanesch Waffen, wäerte finanzéieren, déi mir der Ukrain wäerte liwweren."

Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte huet dem Premier Merci gesot.

"Merci villmools fir d'Ukënnegung un dësem Programm ze participéieren. Et ass entscheedend, der Ukrain ze hëllefen, sech selwer ze verdeedegen."

Rutte warnt viru russescher Menace

Méi generell huet den NATO-Generalsekretär begréisst, datt och Lëtzebuerg an den nächste Joren däitlech méi Suen an d’Verdeedegung wäert investéieren. Dat wier am aktuelle Kontext "wierklech wichteg".

"Mir wëssen, datt Russland eng laangfristeg Menace fir déi ganz Allianz ass. Déi russesch Arméi gëtt de Moment massiv opgerëscht. An zwar net nëmme fir d’Paraden zu Moskau ze organiséieren, mee fir se och anzesetzen."

Lëtzebuerg war 1949 ee vun de Grënnungsmembere vun der NATO. Kee Land kéint sech eleng verdeedegen, huet de Premier Luc Frieden ënnerstrach.

"A mir wëssen, datt wa Lëtzebuerg enges Daags erëm géif attackéiert ginn, mir op d’Ënnerstëtzung vun der NATO an hire Membere kënnen zielen."

Dowéinst wier d’Memberschaft an der NATO esou wichteg, esou de Luc Frieden bei der Visitt vum Mark Rutte hei zu Lëtzebuerg.

Gespréicher mam Grand-Duc a mam Claude Wiseler

Um Programm vum NATO-Generalsekretär zu Lëtzebuerg stoung och eng Audienz beim Grand-Duc Henri an ee Gespréich mam Chamberpresident Claude Wiseler.

Bei der SES zu Betzder huet de Mark Rutte eng Entrevue mam Generaldirekter, grad wéi mam LuxGovSat-Direkter. Donieft ass den NATO-Generalsekretär op Besuch bei der NSPA (NATO Support and Procurement Agency) zu Capellen.

Den Hollänner Mark Rutte ass zënter dem leschten Oktober Generalsekretär vun der NATO.

play_arrow Lauschteren