Um NATO-Sommet zu Den Haag gouf festgehalen, datt d'NATO-Memberlänner progressiv bis 2035 hir Depensë fir d'Defense-Efforte bis op 5 Prozent vum PIB géifen eropsetzen.
"A konkreet Projeten investéieren"
De Grand-Duché hätt do grad wéi aner Länner alles ënnerholl, fir een Accord mam US-President Donald Trump ze fannen. Ob déi 5 Prozent un Defenseausgaben awer iwwerhaapt realistesch sinn an dem Land eppes géif bréngen, déi Fro huet d'Liz Braz an enger Froestonn opgeworf.
"D'Erhéijung vum Budget däerf awer och kee Blankoscheck gi fir d'Ziler, déi vun den USA diktéiert ginn, an haaptsächlech der amerikanescher Wirtschaft herno wäerten zegutt kommen. Amplaz brauche mir e kloer definéierte Plang, deen Transparenz oplëscht, wou mir als Lëtzebuerg déi 2, 3,5, 5 Prozent wäerten ausginn, an ob si iwwerhaapt fir méi Sécherheet zu Lëtzebuerg an an Europa wäerte féieren."
Et sollt och séchergestallt ginn, datt e substanziellen Deel vun dësem Geld net einfach an d'Ausland fléisst, mee "konkreet a Projeten investéiert gëtt, déi eis regional Wirtschaft kënne stäerken a qualifizéiert Aarbechtsplaze schafen", esou nach d'Liz Braz.
D'LSAP-Deputéiert ass wuel averstane fir d'Efforten eropzesetzen, mee um Sommet wier et just ëm den US-President gaangen, kritiséiert d'Liz Braz.
"Et ass keng éierlech Politik. Zu Den Haag kritt een US-President vun alle Säiten Hunneg ëm de Mond geschmiert. Mir engagéieren eis, fir irrealistesch Budgete festzehalen, fir den NATO-Kinnek nëmmen net ze vexéieren, wëssen awer net, wéi mir dat finanziell sollen a woura mir dës Suen iwwerhaapt investéiere kënnen."
Yuriko Backes gëtt keng weider Prezisiounen
Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet an der Debatt d'Ofhale vun engem Referendum gefuerdert iwwer d'Zil vu 5 Prozent vun den Defenseausgaben. Hie sot sech mat der Regierung averstanen, fir en Deel vun deenen Ausgaben direkt zu Lëtzebuerg ze investéieren.
"Et muss een och soen, datt déi 5 Prozent agedeelt sinn an 3,5 Prozent fir Normalrüstung an 1,5 Prozent fir Defense-related Investments. Lëtzebuerg kann also investéieren an den Ausbau vun zum Beispill Flughafen, Cybersecurity, och a Weltraumtechnik."
D'Defenseministerin konnt an der ëffentlecher Chamberssitzung keng Prezisioune ginn iwwer déi konkreet militäresch Projeten. Si wier awer bereet, der Chamberkommissioun dat à huis clos matzedeelen.
Wat een Deel vun den Investitiounen ugeet huet d'Defenseministerin Yuriko Backes vun der DP preziséiert:
"D'Schwéierpunkte vun dësen neien Targets, déi si bekannt. D'Loftverteidegung, d'Rakéitenofwier, eng mobil Tankstatioun, deployabelt Militärspidol zesumme mat der Belsch, renforcéiert Host Nation Support, och arméiert Dronen."
D'CSV-Deputéiert Nancy Camp Arendt huet betount, datt een eng europäesch Defense-Koordinatioun bräicht. D'Zil misst et sinn, datt Europa sech net nees ofhängeg mécht vun anere Kontinenter.