arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland féiert Veteranendag an

Verteidegungspolitik

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Däitschland féiert Veteranendag an

An Däitschland gëtt um Sonndeg fir d’éischte Kéier ganz offiziell den aktiven a fréiere Membere vun der Bundeswehr geduecht. Den éischten Nationale Veteranendag soll Opmierksamkeet op déi Leit lenken, déi fir d’Land gekämpft – an a ville Fäll kierperlech oder mental Schied dovu gedroen hunn. 

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

Den éischten Nationale Veteranendag an Däitschland fält an eng Zäit, an där d’Bundeswehr nees eng méi grouss a méi wichteg Roll kritt. Den Éierendag, deen de Bundestag lescht Joer beschloss hat, soll dozou dengen, Arméi an Zivilbevëlkerung nees méi no beieneen ze bréngen. 

Wäertschätzung klëmmt zënter russescher Invasioun

Well d’Unerkennung fir d’Zaldoten, déi war an Däitschland jorelaang just erofgaangen. 

Besonnesch de laangjäregen Asaz an Afghanistan war bei der breeder Populatioun extrem onbeléift. 

Zënter der russescher Invasioun an der Ukrain an de Pläng, d’Bundeswehr nees bereet fir gréisser Asätz ze maachen, klemmt d’Wäertschätzungvun de Leit awer nees. 

Sondagen no, hu mëttlerweil 80 Prozent vun den Däitschen eng positiv Astellung zur Bundeswehr. 

Fräiwëllegen Déngscht

De Veteranendag ass fir d’Arméi an d’Politik awer och eng wëllkomme Geleeënheet, op d’Personalproblemer bei der Bundeswehr opmierksam ze maachen. 

Fir nei Leit bei d’Arméi ze kréien, preparéiert déi däitsch Regierung e fräiwëllege Wehrdienst. 

An hirem Koalitiounsaccord hunn CDU an SPD sech awer op gehalen, an Zukunft och nees iwwert eng Wehrpflicht nozedenken – wann d’Arméi dat brauch.

play_arrow Lauschteren