arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friedrich Merz setzt op Succès vun Donald Trump

Alsaka-Treffen

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Friedrich Merz setzt op Succès vun Donald Trump

Beim Treffen tëschent dem Donald Trump an dem Wladimir Putin an Alaska kéinte wichteg Decisioune getraff ginn, sot de Friedrich Merz no de Gespréicher zu Berlin. Hie wéilt, datt den Donald Trump zu Anchorage Succès hätt, mee huet him och Viraussetzunge fir eng Friddensléisung mat op de Wee ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Geisler-Fotopress | Frederic Kern/Geisler-Fotopress
(Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Frederic Kern/Geisler-Fotopress)

D'Treffen zu Berlin war de klenge Sommet virum groussen de Freideg an Alaska. Eng Rei europäesch Staats- a Regierungscheffen hunn hei probéiert dem US-President Trump déi rout Linnen opzeweisen, déi bei de Friddensgespréicher iwwer d'Ukrain net dierfen iwwerschratt ginn. Arrangéiert goufen déi Gespréicher vum däitsche Kanzler Friedrich Merz. 

Konditioune fir de Fridden  

Nieft dem Friedrich Merz hunn och de franséische President Macron, de brittesche Premier Keir Starmer, den Nato-Chef Mark Rutte an den ukrainesche President Selenskyj, dem Donald Trump eng Rei Viraussetzunge fir eng Friddensléisung mat op de Wee ginn. Dorënner:

1. D'Ukrainer musse bei Friddensverhandlungen um Dësch setzen.
2. Bei all Verhandlunge muss et robust Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain ginn.
3. D'Verhandlunge mussen Deel vun enger transatlantesche Strategie sinn - an also keng amerikanesch Solo-Aktioun.

An um Ufank muss e Waffestëllstand stoen. Dat huet de Friedrich Merz eendeiteg betount:

"Ich hoffe sehr, dass es zu einer entsprechenden Vereinbarung kommt. Denn bis jetzt sind alle Gespräche, die mit Putin geführt worden sind in den vergangenen 3 Jahren jedes Mal mit einer noch härteren militärischen Antwort begleitet worden. Das muss diesmal anders sein, sonst sind die Gespräche, die mit ihm geführt werden, nicht glaubwürdig und nicht erfolgreich. Wir gehen davon aus, dass Präsident Trump auch versucht, das durchzusetzen."

De Friedrich Merz huet an den Ofstëmmunge vun den Europäer mam Donald Trump iwwer déi lescht Woch eng Féierungsroll iwwerholl. Déi éischt Reaktioune vum amerikanesche President deiten drop hin, datt déi europäesch Efforten net fir näischt waren: Et wier e ganz gutt Telefonat gewiescht, sot den Donald Trump zu Washington. Hie géif dem Appell zéng Punkte ginn.

play_arrow Lauschteren