arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi däitsch Regierung verschäerft hir Migratiounspolitik

Unioun an SPD

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi däitsch Regierung verschäerft hir Migratiounspolitik

Unioun an SPD si sech am Regierungsrot doriwwer eens ginn, datt de Familljennozuch fir bestëmmte Refugiéeë soll ageschränkt ginn. Donieft gëtt och déi sougenannten Turbo-Abiergerung fir gutt integréiert Awanderer nees ofgeschaaft. 

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

An hirem Koalitiounsaccord haten Unioun an SPD eng verschäerfte Migratiounspolitik annoncéiert. Elo huet den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt direkt zwee deementspriechend Gesetzesprojeten op de Wee bruecht.

"Unser Ziel ist es, Pullfaktoren zu senken, mehr Ordnung in das Migrationsgeschehen zu bringen und dem Grundsatz Humanität und Ordnung gleichermassen gerecht zu werden."

Op der enger Säit soll de Familljennozuch fir Refugiéë mam sougenannte subsidiäre Schutzstatus fir zwee Joer laang gestoppt ginn. Am Moment kënnen all Mount 1.000 Persoune bei hir Familljememberen an Däitschland nokommen, also 12.000 am Joer.

Bal 400.000 Persounen hunn an Däitschland de subsidiäre Schutz. Dat si Leit, déi zwar keen Asyl kréien an och net de Schutzstatus vum Flüchtling, déi awer an hirer Heemecht riskéieren, verfollegt ze ginn.

Donieft soll déi sougenannten Turbo-Abiergerung ofgeschaaft ginn. Béid Gesetzesprojete mussen nach duerch de Bundestag.

Kritik vun der Kierch an ONGen

Kritik un de Pläng vun der Regierung gëtt et vun de Kierchen a vu Mënscherechtsorganisatiounen. Ee Grupp vun 30 ONGen, dorënner Amnesty International a Save The Children, hunn un d’Regierung appelléiert, hir Pläng ze iwwerdenken. Den Nozuch vu Familljememberen an d’Abiergerung inklusiv däitsche Pass wieren zwou Saachen, déi bei der Integratioun eng eminent wichteg Roll géife spillen.

 

play_arrow Lauschteren