Den däitsche Kanzler Friedrich Merz huet op sengem éischten EU-Sommet bekräftegt, datt d’EU an d’USA sech séier sollten eens gi wat een Handelsaccord betrëfft. Dat och wann den Deal net perfekt wier, esou d’Onlinepublikatioun Politico. Wéi de Friedrich Merz de Moien hei zu Bréissel ukoum, sot hien:
“Ich unterstütze die EU-Kommission auch bei allen Anstrengungen, jetzt schnell zu einem Handelsabkommen mit den USA zu kommen.”
Den Handelsaccord soll ofgeschloss ginn, fir déi béidsäiteg Douanestaxen ze reegelen. Dat op Drock hi vum US-President Donald Trump. Des Weidere fuerdert hien, datt dësen Accord bis de 9. Juli soll an dréchenen Dicher sinn.
Luc Frieden: "Mir ënnerstëtzen d'Kommissioun voll a ganz"
De Premier Luc Frieden gesäit och dowéinst d’Affär änlech wéi säin däitschen Homolog Friedrich Merz.
“Ech hoffen, datt déi Gespréicher, déi stattfonnt hunn am Kontext vun der Sécherheet, am Kontext vun der NATO, déi an enger gudder Atmosphär ofgelaf sinn, datt déi och hëllefen, zu engem positive Resultat mat Amerika ze féieren. Mee dat ass an den Hänn vun der Kommissioun a mir ënnerstëtzen d'Kommissioun voll a ganz.”
Géigewand vis à vis vun engem séieren Accord kënnt aus Frankräich, wéi Politico mellt. Deemno wéilt de franséische President Emmanuel Macron näischt iwwerstierzen a keen ongläichen Deal ofschléissen, just fir dem Donald Trump seng Deadline anzehalen.
D’Gespréicher hei um EU-Sommet sinn nach am Gaangen.