Vum 1. August u wëllt den Donald Trump Douanestaxen an Héicht vun 30 Prozent op Produiten aus der EU erhiewen. Sollt et elo eng Eenegung fir en Deal tëschent der EU an den USA ginn, da wier dat “dee gréissten Deal vun allen”. Dat sot den US-President bei senger Arrivée a Schottland.
Nieft der EU-Kommissiounspresidentin an dem brittesche Premier ass och en Treffen mat deem schottesche Regierungschef John Swinney (SNP- Scottish National Party) geplangt.
Wandrieder stéiere beim Golf
Iwwerdeems huet hien Europa virun zwee grousse “Geforen” gewarnt. Senger Meenung no wieren d’Migratioun an d’Wandrieder den “Ënnergang fir Europa”. D’Immigratioun géif Europa zerstéieren an d’Wandrieder géifen d’Schéinheet vun der Natur futti maachen, esou den US-President um Freidegowend.
Wärend senger Visitt a Schottland wëllt den Donald Trump och zwee vu senge Golfresorts besiche goen. Bei engem dovunner ass e Projet fir Wandrieder geplangt. Wouriwwer hien sech opgereegt huet, dat géif de Golfspiller déi schéi Siicht zerstéieren.