Radioen

On air

9 bis 1  |  Rome - Born In The E.U.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron a Scholz betounen d'Wichtegkeet vun engem gëeenten Europa

Bundeskanzler zu Paräis

Macron a Scholz betounen d'Wichtegkeet vun engem gëeenten Europa

Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz war gëschter um Mëttwoch zu Paräis fir eng Entrevue mam franséische President Emmanuel Macron. Am Fokus stoung dobäi den néien amerikanesche President Donald Trump an d’Erausfuerderungen, déi hie fir Europa duerstellt. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Olaf Scholz an Emmanuel Macron | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Wéinst der neier amerikanescher Regierung misst Europa elo méi no zesummeréckelen a staark sinn, sot den Emmanuel Macron gëschter um Mëttwoch op der Pressekonferenz mam Olaf Scholz. Natierlech wiere béid Länner - Frankräich an Däitschland - do gefuerdert.

Eegen Interesse verdeedegen

De Scholz sot, et wier kloer, datt den Donald Trump fir Europa eng Erausfuerderung wäert sinn. Dësen hat schonn um Dënschdeg ugekënnegt, hie wéilt d’Taxen op europäesch Produiten erhéijen, dat wéinst dem amerikaneschen Handelsdefizit géigeniwwer der EU.

Wéi de Macron a Scholz soten, kéinten dovu besonnesch dräi Wirtschaftssecteure betraff sinn: D’Stol-, d’Auto- an d’Chimieindustrie. Dofir huet de Macron sech och eng kloer Positioun fir d’EU gewënscht: Déi eegen Interesse verdeedegen an awer déi transatlantesch Bezéiungen net schwächen.

Den Donald Trump kënnt zu engem schlechten Zäitpunkt

Och bei der Verdeedegung wäert déi néi amerikanesch Regierung déi europäesch Partner virun Erausfuerderunge stellen, notamment mat Bléck op d’Ukrain. Den Trump sot jo, hie wéilt hei sou séier wéi méiglech e Kompromëss erreechen. De Macron an de Scholz hunn nach eemol d’Sécherheetsgarantie fir d’Ukrain ervirgehuewen.

Och wëll den Trump, datt d’NATO-Partner hier Verdeedegungsdepensë vun aktuell 2 Prozent vum PIB op 5 Prozent erhéijen.

Fir de franséisch-däitschen Tandem kënnt den néien amerikanesche President zu engem denkbar schlechten Zäitpunkt. Den Olaf Scholz wäert wuel an e puer Wochen als Bundeskanzler ofgewielt ginn a Frankräich stécht zënter leschtem Joer déif an der politescher Kris.

Lauschterenplay_arrow