D‘Regierung wier capabel fir sech ze beweegen, mee se géif net egal wat maachen. Esou seng Spriecherin nom éischte Regierungsrot vum Dënschdegmoien. Gemënzt war d‘Ausso wuel op déi ëmstridde Pensiounsreform: D‘Sozialiste fuerderen, datt déi direkt a komplett suspendéiert misst ginn. Sollt dat net de Fall sinn, géif och de Partie Socialiste eng Motion de Censure géint d‘Regierung deposéieren. Hir Stëmme gëllen als entscheedend.
D‘Lénkspartei La France Insoumise an de rietsextreeme Rassemblement National hu scho jeeweils eng Motioun de censure deposéiert. Béid hunn awer wéineg Erfollegschancen.
De Moien huet de Sebastien Lecornu iwwerdeems säin neie Projet fir de Staatsbudget am Regierungsrot virgestallt.
Nobelpräisgewënner mellt sech zu Wuert
Gëschter Owend huet och den neie franséische Wirtschafts-Nobelpräisgewënner Philippe Aghion op France 2 derfir plaidéiert, datt d‘Pensiounsreform bis bei d‘Presidentewalen 2027 gestoppt misst ginn.
De Philippe Aghion hat gëschter um Méindeg de Nobelpräis fir Ekonomie zesumme mam Kanadier Peter Howitt an dem Israelo-Amerikaner Joel Mokyr gewonnen.