arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Macron soll spéitstens e Freiden en neie Premier ernennen

Frankräich

|
headphones

1 min

Macron soll spéitstens e Freiden en neie Premier ernennen

Haut, um Donneschdeg, respektiv spéitstens um Freideg soll de franséische President Emmanuel Macron en neie Premier ernennen, esou den Elysée. Virdrun hat den demissionäre Premier Sébastien Lecornu de Macron iwwert d'Resultater iwwert seng Sich no engem Wee aus der aktueller Kris matgedeelt.

headphones

1 min

Emmanuel Macron | © Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Emmanuel Macron (Foto: Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

De Lecornu huet Gespréicher mat alle Parteie gefouert, déi hien optimistesch stëmmen, wéi hie sot. Senger Meenung no géif eng Opléisung vum Parlament aktuell ëmmer méi onwarscheinlech ginn.

De Lecornu huet vun enger relativer Majoritéit vu verschiddene politesche Gruppéierunge geschwat, ënnert hinnen och Gruppe vun der lénker Oppositioun, déi sech iwwert e Budget a Stabilitéit wéilten eens ginn.

De Lecornu schléisst aus, datt hien als neie Premier zeréck kënnt. Seng Missioun wier eriwwer, sot hie nach um Mëttwochowend.