arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ François Bayrou: "Opginn ass keng Optioun"

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

François Bayrou: "Opginn ass keng Optioun"

An enger Woch stellt de franséische Premier François Bayrou d'Vertrauensfro an der Assemblée nationale - e Vott, dee wuel zum Enn vu senger Regierung wäert féieren. Dës Woch wëllt hie mat de Parteie verhandelen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
François Bayrou | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
François Bayrou (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Eng Woch bleift dem François Bayrou also fir 'Oppositioun awer nach ëmzestëmmen. Vum 1. September u kënnt hie mat de Parteien zesummen, d'Ekologisten an d'Lénkspartei LFI hunn d'Invitatioun net ugeholl. 

D'Sozialisten an de rietsextreemen RN wäerte kommen, mee wéi de Sozialistechef Olivier Faure ënnerstrach huet, just aus Héiflechkeet.

Oppositioun kloer géint de Bayrou

D'Entscheedung géint de Premier ze stëmme wier irrévocable. Och den RN wëllt weiderhin de Bayrou stierzen. Dësen huet um Sonndegowend verschiddene franséische Medien, dorënner franceinfo, en Interview ginn an nach eemol den Eescht vun der Lag ënnerstrach: Et géif net ëm seng Zukunft goen, mee ëm déi vum Land.

E Regierungswiessel, esou de Bayrou, wier immens geféierlech fir d'Land, dat seng Budgetspläng bräicht.

Staark Aspuerungen

De Bayrou hält weider doru fest 44 Milliarden anzespueren, fir de Staatsdefizit ze reduzéieren, hien ass awer bereet iwwer all Punkten am Plang ze verhandelen, esou de Premier. Dorënner och d'Suppriméiere vun zwee Feierdeeg.

D'Sozialisten haten en eegene Budgetsplang presentéiert dee virgesäit just 21,7 Milliarden anzespueren a virun allem déi Räich méi héich ze besteieren.

De Bayrou sot, dat géif heeschen näischt ze ënnerhuelen an och nach d'Kapital vun de Räichen ze verjoen.

De Bayrou sot am Interview och, datt verschidde Parteie just Chaos wéilte verbreeden. Ob esou Aussoen hëllefen d'Oppositioun nach ëmzestëmmen, wäert sech spéitstens an enger Woch weisen.

play_arrow Lauschteren