Dem Macron säin anere fréiere Premier, de Gabriel Attal, huet déi Hypothees zwar verworf, sot awer, hie géif dem President seng Entscheedungen net méi verstoen.
Den demissionäre Premier Sébastien Lecornu huet nach bis muer den Owend Zäit, fir een Auswee aus der Kris ze fannen. Um 17 Auer den Owend soll hien de President vun de konservative Les Republicains, de Bruno Retailleau, gesinn, esou déi franséisch Presseagence.
Deen hat jo wéinst der Zesummesetzung vun der Regierungsekipp mat engem Réckzuch vu senger Partei doraus gedreet.
De rietsextreme Rassemblement National huet sengersäits d‘Invitatioun vum Lecornu refuséiert an op en Neits eng Opléisung vum Parlament an Neiwale gefuerdert. An d‘Ecologisten a La France Insoumise hunn déi ganz Gauche opgeruff, fir zesummen ze schaffe fir ee Programm vum Ëmbroch ze droen.