Weiderhin am kompletten Desaccord: Dat war de Fazit vum RN-Chef Jordan Bardella no der Entrevue gëschter Moie mam Premier. Näischt hätt den RN dozou beweegt vu senger Entscheedung ofzewäichen d'Regierung ze stierzen. D'Marine Le Pen sot, et misst elo séier Neiwale ginn.
Verschidde Parteie si kompromëssbereet
Méi favorabel war d'Entrevue mam Regierungspartner a fréiere Premier, dem Gabriel Attal. De Renaissance-Leader sot, seng Partei géing d'Regierung e Méindeg ënnerstëtzen, och wann een a verschiddene Punkte beim Budget en Desaccord huet.
Och de President vun de konservative Les Républicains, den Inneminister Bruno Retailleau, sot, et wier een zu Kompromësser bereet, wa verschidde Punkte gestrach oder changéiert ginn.
Moies war d'Regierung zesummekomm fir all d'Zenarie vun e Méindeg ze diskutéieren.
Mélanchon hält näischt vu Sozialiste-Propos
Muer um Donneschdeg wäert de Bayrou wuel d'Sozialisten op Besuch hunn. Hire Chef, den Olivier Faure, sot schonn, datt een awer un der Entscheedung wäert festhalen, d'Regierung ze stierzen. Fir dee Fall wier een awer bereet mam President Macron iwwer eng nei Regierung mat Bedeelegung vun der Gauche ze diskutéieren.
De Jean-Luc Mélenchon vun der Lénkspartei sot doropshin, seng Partei géing näischt vun dëser Offer halen an huet se kritiséiert.