arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber debattéiert iwwer d'Entwécklung vum Space-Secteur zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg am Weltraum

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Chamber debattéiert iwwer d'Entwécklung vum Space-Secteur zu Lëtzebuerg

Wéi huet sech de Space-Secteur an der Lëtzebuerger Ekonomie entwéckelt? Iwwer déi Fro gouf um Mëttwochmëtteg an der Chamber debattéiert. Den DP-Deputéierten an Interpellant seet grad elo, wéinst der onsécherer internationaler Situatioun, wier et wichteg eege Capacitéiten ze entwéckelen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Symbolfoto Weltraum | © Bigstock
Symbolfoto Weltraum (Foto: Bigstock)

De Krich an der Ukrain hätt gewisen, datt ee misst autonom bleiwen a punkto Satellitten a sech net ofhängeg maache vu privaten Entreprisen, esou den DP-Deputéierte Gérard Schockmel. Dowéinst wier den europäesche Programm IRIS esou wichteg.

“Domat ka Lëtzebuerg seng Positioun als operationellen Zentrum fir geséchert Telekommunikatioun weider ausbauen a säin Knowhow am Weltraumsecteur stäerken.”

Eng Schlësselroll fir d'Defense

An der Defense kéint de Satellittebedreiwer SES eng Schlësselroll spillen, seet den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet.

“D'SES huet sech och am Secteur vun der Defense positionéiert. Eng friddlech Notzung vum Weltraum muss net am Widdersproch stoen zu der Notzung vu Méiglechkeete fir de Fridden hei op der Äerd ze sécheren.”

De Marc Baum vun déi Lénk weist sech allerdéngs besuergt: Et géif een de Weltraum militariséieren a Lëtzebuerg wéilt do vir mat dobäi sinn.

“(...) well se fuerdert jo déi eenzel Societéite vum Lëtzebuerger Space Cluster ganz aktiv op, sech als Zouliwwerer fir d'Rüstungsindustrie a Stellung ze bréngen.”

Muecht iwwer de Weltall a Verméigen 

Suerge mécht sech och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Dat wéinst den Ambitioune vun den Tech-Oligarchen am Weltraum. D'Wirtschaft am Weltraum géif vu Milliardäre wéi dem Elon Musk a Jeff Bezos dominéiert ginn.

De Wirtschaftsminister Lex Delles betount awer, datt déi meescht Entreprisen aus dem Weltraumberäich zu Lëtzebuerg an der Nohaltegkeet aktiv sinn.

Zu Lëtzebuerg ginn et fir den Ament 80 Betriber déi am Space-Secteur aktiv sinn. Déi Entreprisë beschäftegen 1.600 Leit.

 

play_arrow Lauschteren