An deem Fuerschungszenter zu Kyoto a Japan schafft e Lëtzebuerger Chercheur. Den Dr. Yann Pretemer ass schonn zënter 12 Joer a Japan.
No sengem Studium zu Tokio ass hien op d‘Uni op Kyoto komm, wou hien als Immunolog am CIRA-Recherchezenter fir iPS-Stammzelle schafft.
“An iPS-Zellen, dat si Stammzellen, déi gemaach ginn vun einfach Mënschen, déi schonn erwuesse sinn, mee déi kënnen erëm programméiert ginn, datt se erëm Zelle ginn, déi zum Beispill Häerzzelle sinn oder Gehierzelle sinn. An eist Zil ass dann, fir dann Applikatiounen ze hunn an der Regenerativmedezin.”
Inspiratioun duerch Nobelpräis 2012
Do kann een also, mat mënschlechen Zellen, all Zorte vun Zelle reproduzéieren. An déi gesond Zelle kann een da Patienten transplantéieren oder Medikamenter domat entwéckelen.
D‘Entdeckung vun den iPS-Zellen huet deemno d‘Fuerschung an der regenerativer Medezin revolutionéiert, an dofir hat och den Erfinder, ee Professer vun der Uni Kyoto, 2012 den Nobelpräis an der Medezin kritt. Dat ass ee vun de Grënn, firwat de 34 Joer ale Yann Pretemer op Kyoto a Japan wollt.
“Dat war och grad déi Zäit, wou de Professer den Nobelpräis krut an iPS-Zellen. An do hunn ech och geduecht, dat muss bestëmmt en immens gutt Environnement sinn, fir hei Forschung ze maachen. An ech war wierklech inspiréiert. An do hunn ech geduecht: 'probéier mol fir hei studéieren ze kommen'. An do sinn ech och laang bliwwen.”
Méiglech Zesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerg a Japan
Bei der Visitte vum CIRA-Fuerschungszenter zu Kyoto war och de CEO vum Luxembourg Institute of Health, de Prof. Dr. Ulf Nehrbass dobäi. Hie kéint sech gutt virstellen, eng Kéier eng Zesummenaarbecht am iPS-Fuerschungsberäich opzebauen.
“Wir haben sehr vill Interesse, mit den Kollegen hier in Japan zusammenzuarbeiten, zumal wir ja jetzt auch eine Forschungsklinik haben, wie Sie wissen, werden mir jetzt theoretisch ja in der Lage, auch über klinesche Studien dann solche Technologien den Luxemburgern ganz zu Gute kommen zu lassen. Daher ist es natürlich jetzt zeitnah an uns solche Partnerschaften auszebauen. Deswegen sind wir hier und ich denke, das ist vielversprechend.”
Op alle Fall hätt een zu Kyoto Kontakter kënne knäppen, esou a Japan de Prof. Dr. Ulf Nehrbass.