arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Raumschëff Resilience lant net um Mound

Kontakt verluer

|
headphones

1 min

Raumschëff Resilience lant net um Mound

D'Hoffnung op eng Moundlandung mat Lëtzebuerger Participatioun ass geplatzt. Dat klengt Raumschëff Resilience vun der japanescher Firma iSpace, mat deem och e Rover, deen zu Lëtzebuerg gebaut gouf, op de Mond sollt bruecht ginn, huet net geklappt.

headphones

1 min

ispace Rover | © MECO
ispace Rover (Foto: MECO)

Kuerz éier d'Raumschëff um Mound lande sollt, huet de Kontrollzenter a Japan de Kontakt verluer. Dat huet ispace e puer Stonnen no där versichter Landung confirméiert. De geneeë Grond fir den Echec vun der Missioun ass den Ament nach onkloer. Et war deen zweete Versuch vun där privater japanescher Firma um Mound ze landen.

De Rover Resilience, deen zu Lëtzebuerg vun der europäescher Filial vun ispace gebaut gouf, sollt um Mound Stëbs sammelen an deen un d'NASA verkafen. Déi versichte Landung gouf den Donneschdeg den Owend en direct op engem groussen Ecran am Kinepolis um Kierchbierg iwwerdroen. Dat a Presenz vun ënner anerem dem Wirtschaftsminister Lex Delles an dem Marc Serres, CEO vun der Lëtzebuerger Weltraumagence.

De Pierre Reyland mat weideren Erklärungen an eisem Moiesstudio

play_arrow Lauschteren