De Georges Mischo verweist an der Äntwert op e puer Etüden zum Thema. Eng kënnt zur Konklusioun, datt bal 3 Véirels vun den Aarbechtsplaze duerch KI verännert ma nëmme 6 Prozent doduerch direkt ersat kéinte ginn. Et géif och keng empiresch Donnéeën, déi op eng massiv Hausse vun der Aarbechtsloosegkeet duerch KI géifen hindeiten, esou nach de Georges Mischo.
Dem Ministère wier och just de rezente Fall vun enger Holding hei um Kierchbierg bekannt, bei där – ënnert anerem wéinst KI – Aarbechtsplazen ofgebaut solle ginn. Wéivill vun den am Ganzen 115 Plaze konkret duerch kënschtlech Intelligenz ofgeschaaft, oder ersat géife ginn, wier net kloer, esou nach de Minister.