D‘Gewerkschaften an d‘Patronat hunn haut um Dënschdegmëtteg hir éischt Sitzung a Form vun Eenzelgespréicher mam CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo. D‘Gewerkschaften haten no der leschter Sozialronn ugekënnegt, net méi an den CPTE, dem Comité permanent du traivail et de l‘emploi, ze goen.
Doropshin hat d‘Regierung decidéiert, an Eenzelgespréicher souwuel mat Gewerkschaften, wéi och mam Patronat, no Léisungen ze sichen. An de Reuniounen haut soll et haaptsächlech ëm d‘Aarbechtszäitorganisatioun goen.
Kou muss vum Äis geholl ginn
Am 100,7-Interview huet d’Nora Back, Presidentin vum OGBL, nach emol betount, datt d’Relatioun tëschent de Gewerkschaften an der Regierung aktuell “net déi bescht” ass. Si erhofft sech awer, datt de Minister vum Moment profitéiert a probéiert, “déi Kou vum Äis ze kréien”.
Den Dossier Aarbechtszäit wier d'Kärtheema vun de Gewerkschaften, erkläert d’Nora Back. Si wéilten dofir dem Minister kloer opweisen, wat si gären hätten, sinn awer och bereet, sech unzehéieren, wat de Georges Mischo ze soen huet.
Mat der aktueller Regierung géing een awer ni wëssen, wat geplangt wier. Pläng géing een den allerleschte Moment gewuer ginn a se wieren net verhandelbar. Dat kritiséiert d’Nora Back däitlech.
Villes muss verbessert ginn, esou d'Nora Back
D’OGBL-Presidentin plaidéiert am 100,7-Interview fir eng gutt Work-Life-Balance. No der Aarbecht dierft een net méi mat der Aarbecht konfrontéiert sinn. D’Salariéë missten deemno gutt geschützt ginn. Genau dat wier och d’Roll vum Aarbechtsrecht. Et sollt och net méi geschafft ginn, an och net méi flexibiliséiert ginn. Genau dat géing vill Leit belaaschten, esou d’Nora Back.
Et sollt awer och net alles esou bleiwen, wéi et ass. “Nee, vill muss verbessert ginn.”
D’Nora Back stellt kloer: Soubal ee vum strengen Aarbechtsrecht ofwäiche wéilt, dierft dat just a Form vu Kollektivverträg geschéien. Diskutéiert haut mam Minister sollen ënner anerem d’Dages-, Wochen-, a Joresaarbechtszäit, d’Opstelle vun Aarbechtspläng, Pausereegelungen a Congéen.
Step-by-Step-Approche
Fir nees an den 3er-Dialog eranzeklammen, misst een als éischt mol haut gewësse Garantië kréien, seet d’Nora Back. Si huet nämlech d’Gefill, d’Gewerkschafte wieren déi eenzeg, déi nach un deem Dialog intresséiert wieren. Wann d’Diskussioune ronderëm d’Aarbechtszäit sech als positiv erausstellen, da wier een als Gewerkschaften dozou bereet, dem 3er-Dialog mat Regierung a Patronat nees eng Chance ze ginn.
Wichteg fir d’Nora Back ass awer och, datt een ee Sujet nom anere soll ofschaffen. Elo iwwer d’EU-Direktiv zur Plattformaarbecht ze diskutéieren, géing kee Sënn maachen. Et wieren nach vill Chantieren op, an alles gläichzäiteg unzegoe wier déi falsch Approche.