arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Sozialronn: Chamber reportéiert Diskussioun iwwer Sonndesaarbecht

Chamberkommissioun Travail

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Wéinst Sozialronn: Chamber reportéiert Diskussioun iwwer Sonndesaarbecht

An der Chamberkommissioun Travail gouf gëschter um Mëttwoch decidéiert, nach net iwwer de Gesetzesprojet ëm d'Sonndesaarbecht ze diskutéieren. Dat well d'Gewerkschafte gefrot hunn, deen Dossier op den Ordre du jour vun der Reunioun mam Premier Luc Frieden den 9. Juli ze setzen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Georges Mischo | © ADEM
Georges Mischo (Foto: ADEM)

D'Gewerkschaften hunn an engem Bréif un de Premier preziséiert, ënner wéi enge Konditiounen, notamment Theemen, si averstane wieren, un deem Treffe vum 9. Juli deelzehuelen. Och d'Patronatssäit hätt eege Propositioune fir den Ordre du jour uginn.

Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet awer net preziséiert, wat genee um Dësch läit.

"Et ass esou, datt jo eng Rei Theemen um Dësch leien. Et ass net nëmmen d'Sonndesaarbecht, et si jo och Pensiounen, et si Kollektivverträg an esou weider. Den État wäert elo mat de Sozialpartner Kontakt ophuelen, fir dann herno festzehalen, wat mir dann den 9. beschwätzen, méi kann ech Iech elo net soen, well ech do keng Decisioun huelen."

Reaktioune vun der Oppositioun

Et wier nach villes net kloer, wéi d'Regierung elo wéilt virgoen, betount déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.

"Ech mengen, mir hu jo och eng Demande gemaach, datt de Premier Luc Frieden d'nächst Woch an d'Chamber kënnt, well et eis duerchaus net ganz kloer ass, wat elo d'Ausgangspositioun ass, déi dës Regierung hëlt. Mat wéi enger Haltung si dann elo d'nächst Woch an déi ominéis Sozialronn geet?"

De Marc Baum vun déi Lénk bezeechent déi Reunioun vum 9. Juli als eng Tripartite, vue datt Patronat, Gewerkschaften an d'Regierung vertruede sinn. Mee geet dann eng Reunioun duer? Eng Fro un den LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel:

"Ech mengen, dat musse si elo gesinn, ob si den 9. Juli alleguer déi Theemen do kënnen op den Dësch bréngen. Mech géing et wonneren, wa si dat géingen an engem Moien do fäerdegbréngen. A wann net, da musse si sech Zäit huelen. Dat gehéiert och zum Sozialdialog, datt ee sech Zäit hëlt, fir deem aneren nozelauschteren."

Marc Spautz: Sonndesaarbecht an d'Ëffnungszäite sollen zesummen diskutéiert ginn

Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz wënscht sech, datt d'Sonndesaarbecht an d'Ëffnungszäiten zesummen diskutéiert ginn.

"Et sinn zwee getrennten Texter, et sinn och zwee zoustänneg Ministeren, mee ech géing et komesch fannen, wann do guer net géif zesummen driwwer geschwat ginn, well och de Conseil d'Etat awer ënnerstrach huet, datt et zwee getrennte Gesetzer sinn, jo, mee datt et awer Auswierkungen huet op de selwechte Secteur."

Den CSV-Minister Georges Mischo ass fir de Volet Sonndesaarbecht verantwortlech a fir d'Ëffnungszäiten ass et den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles.

play_arrow Lauschteren