Nom Sträit tëscht dem CSV-Aarbechtsminister an de Gewerkschaften, ënnert anerem iwwer d'Exklusivrecht fir Kollektivvertragsverhandlungen, sot den DP-Ausseminister a fréiere Premier Xavier Bettel gëschter um Donneschdegowend, hie wier zouversiichtlech, datt d'Regierung Accorde mat de Gewerkschafte fanne wäert.
Sozial DNA vun der Partei
Déi Momenter, wou ee mateneen diskutéiert hätt, wieren och déi, bei där d’Regierung an d’Gewerkschaften zesumme vill erreecht hätten, esou de Xavier Bettel.
“Ech sinn iwwerzeegt, dass mir och déi nächst Méint an déi nächst Joren dat och wäerte fäerdeg bréngen. Ech mengen, et ass am Interêt vu Kengem, dass ee sozial Fronten huet."
Et wier "an der DNA" vun hirer Partei, datt ee fir d'Leit do wéilt sinn.
Iwwerdeems huet d’Generalsekretärin Carole Hartmann drop higewisen, datt d’DP hir Positioun zu der Rentediskussioun nach ausschafft. U Sujete wéi der Gesondheetspolitik wéilt een och nach schaffen.