arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “En Net-Upasse vum Steierbarème ass quasi eng Steiererhéijung”

Sylvain Hoffmann (CSL)

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

“En Net-Upasse vum Steierbarème ass quasi eng Steiererhéijung”

D'Individualiséierung vun de Steiere wier eng Upassung un d'Realitéit, mengt de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés. Allerdéngs wier de Gewënn fir verschidde Leit net esou grouss, wéi ugekënnegt, well d'Aféiere vun engem neie Steiersystem hätt jo och seng Käschten.

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Ronn 800 bis 900 Milliounen Euro pro Joer soll d'Steierindividualiséierung de Staat an Zukunft kaschten. En Deel dovunner soll erreecht ginn, andeems een den aktuelle Steierbarème net un d'Inflatioun géif upassen. Dat wier en fin de compte mat enger Steiererhéijung gläichzesetzen, seet den Direkter vun der CSL.

"Duerch déi kal Progressioun klëmmt d'Steierlaascht" 

Wann een also Vergläicher géif maachen, da misst een deen neie System net mam aktuelle Barème vergläichen, mee mat deem, deen hypotheetesch en place wier, wann de Barème bis 2028 un d'Inflatioun géif ugepasst ginn. Da wier de Gewënn nämlech net méi esou héich, esou nach de Sylvain Hoffmann.

Déi Leit an der Steierklass 1 A gewanne mat där neier Reegelung näischt, mee si verléieren och an der Theorie näischt. Allerdéngs wäerte si 2028 - duerch dat Net-Upasse vun der Steiertabell - méi Steiere bezuelen. Bei enger Pai vu 5.000 Euro wieren dat ronn 60 Euro de Mount méi. An do fënnt de Sylvain Hoffmann misst nogebessert ginn. 

Wat bedeit eng Individualiséierung vun de Steieren? 

An Zukunft soll et nëmmen nach eng eenzeg Steierklass ginn, déi déi haut der Klass 1 A (déi vun de Wittfraen a Männer an Elengerzéier) entsprécht.

Fir 85 Prozent vun der Leit géif dee Wiessel e Virdeel bedeiten. Déi aner 15 Prozent géife méi schlecht wéi elo ewechkommen. Dozou ziele virun allem Koppelen, bei deenen eng Persoun vill an déi aner Persoun wéineg verdéngt. Fir déi Leit soll eng Iwwergangsphas vun 20 Joer ageféiert ginn. Et wiere virun allem eeler Leit, déi do drënner géife falen.  

Individualiséierung bedeit net ee méi gerechte Steiersystem

D’Géigefinanzéierung misst iwwer méi Gerechtegkeet gemaach ginn, seet de Sylvain Hoffmann. D'Individualiséierung wier keng fundamental Reform, déi de Steiersystem méi gerecht géif maachen. Dat géif virun allem d'Mëttelschicht spieren.

play_arrow Lauschteren