arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten: CSV-Fraktiounschef Marc Spautz a Staatsrot op enger Linn 

Nei Avisen

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten: CSV-Fraktiounschef Marc Spautz a Staatsrot op enger Linn 

Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz begréisst, datt de Staatsrot fënnt, d’Gesetzesprojeten iwwer d’Sonndesaarbecht an iwwer d’Ouvertureszäiten am Commerce missten zesumme gekuckt ginn. Dem Nora Back no mussen d'Texter elo "komplett vum Dësch".

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow
Marc Spautz (CSV)
Marc Spautz (CSV)

De Staatsrot säin Avis iwwer d'Sonndesaarbecht bestäerkt d‘Kritiker vum Aarbechtsminister Georges Mischo sengem Gesetzesprojet. An Zukunft soll et am Eenzelhandel jo sonndes generell erlaabt si fir 8 Stonnen ze schaffen, an net nëmme 4, wéi et bis elo de Fall ass.

Mee dat wier duerch Kollektivverträg och elo scho méiglech, schreift de Staatsrot a sengem Avis, a freet sech, ob dat geplangte Gesetz iwwer d‘Sonndesaarbecht net och negativ Repercussiounen op d‘Zuel vu Kollektivverträg kéint hunn. An dat an engem Secteur, wéi dem Eenzelhandel, wou den Taux den Ament just bei 38 Prozent läit. Also wäit ënner deem, wat déi entspriechend EU-Direktiv fuerdert, nämlech datt op d'mannst 80 Prozent vun de Salariéen ënner engem Kollektivvertrag stinn. 

Marc Spautz: Kritik schonn am Mäerz um CSV-Kongress

De Marc Spautz sot de Moien am 100,7-Interview, et misst een no deenen Avise mat de Fraktiounen a mat den zoustännege Ministeren iwwer déi zwee Texter schwätzen. Hie wier och zouversiichtlech, datt d’Gesetzer "esou kéinte gemaach ginn, dass jidderee sech dora kéint erëmfannen".

Léisungen a Betriber sollten iwwer Kollektivverträg oder iwwer Accord-inter-professionnellen erreecht ginn, esou nach de Marc Spautz.

Den CSV-Fraktiounschef hat d’Pläng vun der Regierung a Saache Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten am Handel schonn um CSV-Kongress am Mäerz kritiséiert.

Nora Back: Texter musse "komplett vum Dësch"

Fir d'OGBL-Presidentin Nora Back da kéint d’Regierung no deenen Avise vum Statsrot net un den zwee Gesetztexter iwwer d’Sonndesaarbecht an iwwer d’Ouvertureszäiten am Commerce festhalen. D’Avise géifen nämlech dat confirméieren, wat d’Gewerkschaften ëmmer gesot hätten, nämlech datt déi Texter wirtschaftlech, sozial a juristesch gesinn d’Strooss net géifen halen.

E bësse Kosmetik un den Texter géif näischt déngen, mee si misste komplett vum Dësch. 

play_arrow Lauschteren