Iwwerdeems d’Gewerkschafte fonnt hunn, et wier nëmmen zum Deel zu engem Austausch komm, hunn d’Patrone vun intensive Gespréicher mat virun allem dem CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo geschwat.
3 weider Reunioune goufe festgehalen
Dee war fir d’éischt mol frou doriwwer, datt de Sozialdialog hätt kënne weidergefouert ginn, och wann dat elo getrennt geschitt wier. Fir de Minister waren déi zwou Reuniounen dann och ganz konstruktiv. Hien hätt d’Positioune vun deenen zwou Säite wëlle gewuer ginn, fir Conclusioune kënnen ze zéien, esou de Georges Mischo.
"Ech mengen, dass mir net alles wossten. Ech mengen, dass och nach vläicht aner Iwwerleeungen nach mat erakomm si bei deenen zwee Partner, an et ass déi aktuell Positioun, déi ech gär haut vun deenen zwee Partner wollt héieren."
Et hätt een 3 weider Reunioune festgehalen, den 19. November, an zweemol am neie Joer.
Dem CSV-Aarbechtsminister no wéilt ee bis Mäerz/Abrëll e gemeinsaamt Resultat erreechen, mat de beschte Léisungen am Sënn vun de Salariéen a vun de Betriber.
Patronat: Ännerungen, a keng Verschlechterungen
Déi eegen Iddien zu den Aarbechtszäite wieren diskutéiert ginn, huet de Michel Reckinger betount. Dem UEL-President no sollt et op deem Gebitt net zu Verschlechterunge kommen, mee zu Ännerungen.
"Wann natierlech e Status quo dat Eenzegt ass, wat méiglech ass ... et ass anescht. An dat anescht ass dat, wat mir musse beschreiwen. An dat anescht ass net fir deen een oder fir deen aneren: Et ass just anescht, fir dass et besser fonctionéiert."
Konstruktiven Austausch ouni Resultat
Do virdrun haten d’Gewerkschaftsvertrieder erkläert, datt an hiren Aen näischt bei de Gespréicher erauskoum. Fir d’OGBL-Presidentin Nora Back war et alt gutt, datt een alles konnt lassginn.
"Mee wann ee guer keng Reaktioun drop kritt an nach guer net weess, a wéi eng Richtung geet d'Regierung elo mat deem, wat mir hei gesot hunn, dann ass et ganz schwéier ze soen, mir freeën eis driwwer. Et ass nach ze fréi."
Soudatt och de Patrick Dury, LCGB-President, frou war, de Gesamtpak vun de Gewerkschaftsfuerderunge presentéiert ze hunn.
"Den Austausch war konstruktiv, mee mir hunn absolut kee Resultat, well et war eng éischt Presentatioun, a mir hunn eng Rei vun Datumer festgemaach, wou mir u sech elo méi an den Detail wëlle goen."
Dës nächst Reunioune missten da weisen, wou et higeet, esou de Gewerkschaftler.