An zwar ëm 1,6 Prozent. Vu Januar bis September sinn am Ganzen 828 Faillitte gesprach ginn.
Duerch déi Faillitte sinn 2.310 Aarbechtsplaze verluer gaangen.
Déi meeschte Faillitte gouf et bei den Holdingen an Investmentfongen. Awer och de Commercesecteur ass betraff. Do goufe bis September 126 Faillitten deklaréiert, 300 Aarbechtsplaze sinn doduerch ewechgefall. Duerno kënnt de Bausecteur an den Horeca-Secteur, mat 115, respektiv 89 Faillitten dëst Joer bis elo.
Am Bausecteur sinn doduerch 590 Aarbechtsplazen ewechgefall, am Horecasecteur ronn 370.