18.920 Persoune waren Enn September bei der Adem ageschriwwen. Et wieren och net méi haaptsächlech Leit iwwer 45 Joer, déi betraff wieren, mee och d‘Kategorie vun den 30 bis 44-järegen. An och d‘Zuel vun de Jonken ënner 30 Joer, déi op Sich no Aarbecht sinn, ass ëm bal 5 Prozent geklommen. Dat deele Statec an ADEM mat.
Nei Inscriptioune klammen
Och d‘Zuel vun den neien Inscriptioune bei der Adem ass am September an d‘Luucht gaang: ronn 3.430 Residenten hunn sech beim Aarbechtsamt nei ugemellt. Dëst ass eng Hausse vun iwwer 5 Prozent par Rapport zu September d‘lescht Joer.
Gläichzäiteg sinn am September awer och rëm däitlech méi fräi Aarbechtsplaze bei der Adem deklaréiert ginn, wéi nach d‘lescht Joer.