D’Vertrieder:inne vun de Gewerkschafte waren no der Sozialronn der Meenung, d’Regierung géing net méi op si lauschteren. Dat hu si no der Reunioun net verstoppt. Mëttlerweil sëtzen déi verschidde Parteie guer net méi zesummen um Dësch, an den Aarbechtsminister Georges Mischo (CSV) huet déi eenzel Vertrieder:inne gëschter um Dënschdeg eenzel fir Gespréicher gesinn.
Michel Reckinger: "D'Liewe vun de Leit a vun de Betriber huet sech geännert"
Um Ordre du jour stoung d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit. Dem President vum Patronatsverband Michel Reckinger no, en nëtzleche Rendez-vous. Et wier laang diskutéiert ginn, an et hätt ee géigesäiteg Iddien ausgetosch.
Als Patronatsverband géing ee sech um Koalitiounsaccord vun der Regierung orientéieren, esou de Michel Reckinger. Et géing an der Haaptsaach drëm goen, déi Iddien, déi do dra stinn, op eng gutt Aart a Weis ëmzesetzen. Grad d’Theema Aarbechtszäitorganisatioun wier essenziell.
"Mir brauchen e modernt Aarbechtsrecht, dat ass kloer fir jiddereen. Et muss der Zäit ugepasst ginn. An et geet net drëms, fir oder géint eppes ze sinn. Mir brauchen eng Rechtssécherheet an d’Aarbechtsrecht muss ugepasst ginn, well d’Liewe vun de Leit an de Betriber sech geännert huet."
D’Plus-value vun där Entrevue war, datt all dës Sujeten net an där Form an der Sozialronn beschwat goufen, betount de Michel Reckinger. D’Theema Kollektivverträg an Aarbechtszäitorganisatioun sinn an de Comité permanent du travail et de l’emploi (CPTE) "erofgedréckt" ginn, seet de Michel Reckinger.
UEL: Win-Win-Situatioun ass méiglech
An de leschten zéng Joer hätte sech bei der Organisatioun vun der Aarbechtszäit vill Saache gedoen, ënnersträicht de President vun der UEL. Virun allem hätt d’Aarbechtszäit vum Salarié sech staark flexibiliséiert, ënner anerem duerch vill verschidde Congéen, déi bäikomm sinn. Dat hätt d’Betriber “desorganiséiert”, seet de Michel Reckinger.
"Déi Flexibilitéit vun de Salariéë muss een och de Betriber kënne ginn."
Dat géing och net op d’Käschte vun deem jeeweils anere goen, betount den UEL-President. Et hätt en als Patronatsverband gewisen, datt et eng Win-Win-Situatioun ass, wou et eeben net drëms géing goen, deen ee géint deen Aneren auszespillen.
D’Gesetzestexter missten awer nach deels ëmgeännert ginn, esou de Michel Reckinger.
Kloer rout Linnen
Déi nächst Rendez-vouse si scho festgeluecht fir den Dialog mam Minister virunzeféieren. Vun enger Dräier-Entrevue ass bis elo net rieds.
Dem Michel Reckinger no sinn dës Bipartitten och net vill aneschters, wéi d’Reuniounen am CPTE.
"D’Regierung lauschtert no a muss dono eng Richtlinn ginn. Dat war an de leschten zéng Joer esou, an et wäert esou weidergoen."
Nach méi Congéen an eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit wieren awer definitiv rout Linne fir d’UEL. D’Betriber kéinte sech dat net leeschten, seet de Michel Reckinger. D’Wirtschaft wier dofir ze schwaach, den Aarbechtsmaart och, an de Chômage ze héich.
Wann een tëschent Patronat a Gewerkschaften allerdéngs net op ee gemeinsamen Nenner kéim, da wier et un der Regierung, Decisiounen ze huelen.
Fir dat awer elo no der éischter Entrevue schonn ze maache wier et definitiv ze fréi. Dofir wieren d’Theemen, déi diskutéiert musse ginn, einfach ze vaste, esou nach de Michel Reckinger vun der UEL.