arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Strasser: Responsabele fir d'Cyberattack bleift onbekannt

POST

|
headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow

Claude Strasser: Responsabele fir d'Cyberattack bleift onbekannt

Och 100 Deeg no der Cyberattack bei der Post ass net gewosst, wien dohannert stécht, esou de Generaldirekter Claude Strasser am 100,7-Interview.

headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow
De Claude Strasser ass Generaldirekter vun der Post | © Jo Diseviscourt
De Claude Strasser ass Generaldirekter vun der Post (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Post war viru gutt dräi Méint Affer vun enger Cyberattack ginn: D'Resultat dovu war déi grouss Pann den 23. Juli, mat engem kompletten Ausfall fir e puer Stonne vun den Internetverbindungen an den Telefonsservicer.

Claude Strasser: De System sollt gestéiert ginn

Et wier net gewosst, wien dofir responsabel war, esou de Generaldirekter vun der Post, de Claude Strasser am Interview um Radio 100,7.

“Fir et kuerz ze maachen: Nee. Dat ass wéi esou oft bei de Cyberattacke leider ganz schwéier, fir net ze soen onméiglech, nozevollzéien. Et sief dann, den Auteur vun där Attack gëtt sech ze erkennen. Dat ass duerchaus e Scheema, dee reegelméisseg geschitt, datt Gruppen oder Gruppéierungen oder wien och ëmmer sech zu enger Dot bekennt. Dat ass an dësem Fall net de Fall. (...) Et gi jo aner Forme vun Attacken, wou et ëm Ransomware geet, respektiv ëm Erpressung geet. Dat ass an dësem Fall och net de Fall.”

Bei der Cyberattack bei der Post wier et net dorëm gaangen, Donnéeën ze klauen, esou de Generaldirekter Claude Strasser.

“Hei ass et einfach drëm gaangen, fir de System ze stéieren. An an deene Situatiounen ass et net onüblech, datt een effektiv ni gewuer gëtt, wien do derhanner stécht.”

D’Post hätt den Incident den Dag duerno beim Parquet denoncéiert. An et wier ee Maximum un Date geséchert ginn an un d'Justiz weidergereecht ginn, esou de Claude Strasser. Dës Date géife geséchert ginn, fir kënnen ze verstoen, wat geschitt ass a fir aner Acteuren am In- an am Ausland virun Attacke kënnen ze warnen, huet de Generaldirekter vun der Post am 100,7-Interview erkläert.

"D'Lach gouf ganz schnell gestoppt"

Eng Attack nom selwechte Muster wéi den 23. Juli 2025 wier elo bei der Post ausgeschloss, esou de Claude Strasser.

“Dat Lach gouf ganz schnell gestoppt. An deene Stonnen nom Incident kann een do Mesuren ergräifen, datt dat an der do identescher Form net nach eng Kéier passéiert. An deene Wochen a Méint duerno sinn och méi grondleeënd Analyse gemaach ginn an eiser Architektur, wat ee muss verbesseren, ka verbesseren, fir deen do Genre Attacken ze verhënneren an Zukunft.”

Permanent Attacken

Et misst ee sech och bewosst sinn, datt d’Post permanent géif attackéiert ginn. Fir d'Leit, déi sech bei der Post ëm d'Sécherheet këmmeren, wier dat den Alldag.

“Bei der Post schaffen eng 50 Leit an der Cybersécherheet. Déi Leit maache vu moies bis owes soss näischt wéi sech mat Attacken an der Sécherung vun eise Reseauen an Equipementer ze beschäftegen.”

Dat wier ee permanenten a laangwieregen Exercice, deen ni op een Enn kéim, esou de Generaldirekter vun der Post, de Claude Strasser.

play_arrow Lauschteren