arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auteure vu Cyberattack op d'Post si weider onbekannt

Telekommunikatioun

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Auteure vu Cyberattack op d'Post si weider onbekannt

De Lex Delles confirméiert, datt Routere vun der chinesescher Firma Huawei bei der Cyberattack op d’Post d’lescht Woch betraff waren. Dat sot de Wirtschaftsminister no enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune vun der Ekonomie, den Affaires intérieures an der Digitaliséierung.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Lex Delles | © MFIN / SIP
Lex Delles (Foto: MFIN / SIP)

De Sven Clement, Deputéierte vun de Pirateparte, seet d‘Chamberkomssiounsëtzung hätt nach emol gewisen, datt et eng ganz geziilt a sophistikéiert Cyberattack war an dat net just op d'Post zu Lëtzebuerg, mee och op mobil Operateuren, souwuel an Englang, Frankräich an an der Belsch quasi zäitgläich.

Wien hannert der Attack op d'Post stecht ass nach ëmmer net gewosst, mee de Ben Polidori vun der LSAP, déi Chamberkommissiousëtzung urgent ugefrot hat, hätt sech vun der Regierung eng méi déif Diskussioun gewënscht. Et géif een awer gesinn, datt Cyberattacken zouhuelen. An dësem Fall wiere Cyberattacken a méi Länner gläichzäiteg gelaf. 

"Ech wëll elo hei keng Gerüchter an d'Welt setzen, mee ech denken, datt et awer enger Diskussioun zegutt gestane hätt, wann een doriwwer awer mol e bësselchen diskutéiert hätt."

Post: Déi selwecht Attack ass elo net méi méiglech

Et wier net bewisen dass déi Attacken eppes mateneen ze di gehat hätten, sot eis sengersäits de Wirtschaftsminister Lex Delles op Nofro hin. Hie confirméiert: Et ware Routeren a Software vun der chineesescher Firma Huawei déi bei der Cyberattack op d’Post betraff waren. Bal véier Stonne laang waren dowéinst d'Kommunikatiounsreseaue vun der Post zesummegebrach. Mee eng Attack vu genee därselwechter Zort wier elo net méi méiglech, verséchert de Lex Delles.

"Op den Dag vun haut kann d'Post soen, datt déi Attack, wéi se do gefuer ass, haut net méi deen Effet op de 5G a 4G Internetaccès kann hunn."

Eng 100 prozenteg Sécherheet géif et awer ni ginn, esou nach de de Minister. Dofir d‘Post géif weider dru schaffen, d‘Resilienz vun hire Systemer ze verstäerken, ënner anerem andeems si an Zukunft Technologië vun anere Vendeure benotzt.

National Resilienzstrategie Enn dës Joers

Dëse sougenannten "Dual-Vendor"-Prinzip gëtt an enger EU-Direktiv recommendéiert. An den LSAP-Deputéierte Ben Polidori mengt, de Prinzip, vu méi wéi engem Fournisseur bei kritesche Komponente misst gesetzlech festgeschriwwe ginn.

De Minister Lex Delles betount nach: Eventuell Léieren an entspriechend Mesurë sollen an eng national Resilienzstrategie mat afléissen.

Déi géif awer fréistens um Enn vum Joer kommen, seet den LSAP Ben Polidori. Hie fënnt, dat wier spéit an d'Regierung géif senger Meenung no, net adequat op d'Urgence vun der Situatioun no de Cyberattack op d'Post reagéieren

play_arrow Lauschteren