arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg investéiert ënner anerem 105 Milliounen Euro an een zweete Militärsatellit

Defense

|
headphones

1 min

Lëtzebuerg investéiert ënner anerem 105 Milliounen Euro an een zweete Militärsatellit

Lëtzebuerg ass am gaangen, eng Strategie fir seng Verteidegungsindustrie opzebauen. Dat sot d‘Verdeedegungsministerin Yuriko Backes gëschter um Freideg op enger Pressekonferenz. Si huet do ee Plang virgestallt fir bei de Verteidegungsausgabe schonn dëst Joer op 2 Prozent vum nationale Räichtum RNB ze kommen.

headphones

1 min

© Direction de la défense
(Foto: Direction de la défense)

De Premier Luc Frieden hat dat Zil en Dënschdeg a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert. Fir et ze erreechen, misst Lëtzebuerg dëst Joer zousätzlech 312 Milliounen Euro an d‘Defense investéieren, esou d‘Yuriko Backes. 

Ënner deenen Investissementer sinn 105 Milliounen Euro fir een zweete Militärsatellit – GovSat 2 – a 6 Milliounen Euro fir d‘Entwécklung vun Dronen zu Lëtzebuerg, déi awer net arméiert sinn.

Méi Visibilitéit kréien

Fir d‘Recherche an Entwécklung bei Betriber, déi am Beräich Defense aktiv sinn, sinn dëst Joer am Ganze 46 Milliounen Euro virgesinn.

Haut géifen et zu Lëtzebuerg 110 Entreprisen an deem Beräich ginn. 2022 waren et der 43, esou d'Ministesch.

"Dir gesitt, dass do trotzdeem eng Montée en puissance ass vun Entreprisen, déi am Defensesecteur ënnerwee sinn. Fir mech ass et ganz wichteg, dass eis Entreprisen dann och déi néideg europäeschen, international Visibilitéit kréien. Dat heescht, dass mir do elo och vill méi proaktiv dru schaffe fir mat bei Salonen ze sinn, fir och zu Lëtzebuerg Konferenzen ze organiséieren a bei Wirtschaftsmissiounen dann och dobäi ze sinn."

Doriwwer eraus solle weider 30 Milliounen Euro an d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain fléissen.