An hirer Usprooch erkläert d’Yuriko Backes, et wiere vill Diskussioun dorëm ginn, wéi Lëtzebuerg 2 Prozent vum RNB fir d’Defense soll zesumme kréien. Dat, nodeems de Premier Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun en Dënschdeg ugekënnegt hat, déi nächst Budgete géifen d’Infrastrukturprojeten nei prioriséieren.
"Falsche Message fir eis Gesellschaft"
D’Infrastruktur- an Defenseministesch Yuriko Backes huet awer betount, datt keng Infrastrukturprojeten no hanne geréckelt solle ginn.
"Ech mengen, den Invest, dee musse mir héich halen. Alles anescht wier mengen ech eng Katastroph fir d'Zukunft vun eisem Land, wier och den absolutt falsche Message fir eis Ekonomie. Et wier dee falsche Message fir eis Gesellschaft."
Et misst ee sou guer nei Synergië fannen, fir datt Lëtzebuerg méi resilient an "onsécheren Zäite wéi haut" gëtt, esou d'Ministesch. "Dofir musse mir och an Infrastrukturen investéieren, déi mir dann och ugerechent kënne kréien am Effort de défense", esou d'Yuriko Backes.
Haut ass iwwerdeems eng Motioun an der Chamber dozou ugeholl ginn, mat engem Amendement vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic. Doran ass festgehalen, datt d’Gelder fir d’Oprüstung weder dierfen op Käschte vun den Infrastrukturprojeten, nach op de Klimaschutz oder d’Energietransitioun dierfe goen.
Dës Motioun hunn all d’Parteien, och d’Regierungsparteien CSV an DP, ausser d'ADR, matgestëmmt.