arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fraktioune bei Oprüstung net op enger Linn

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fraktioune bei Oprüstung net op enger Linn

Eng Orientéierungsdebatt iwwer déi europäesch Verdeedegungsindustrie stoung um Donneschdeg an der Chamber um Programm. Dobäi ass op een neits kloer ginn, datt d’Fraktiounen net op enger Linn sinn, wann et ëm d’Theema Oprüstung geet. Eng ganz Partie Detailfroe géifen och opstoen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet festgetallt, datt et de Moment op deem Gebitt nëmme limitéiert Capacitéiten an der Europäescher Unioun géife ginn.

D’EU-Kommissioun wier sech dem Problem bewosst.

Et géif de Moment dräi bis véier mol méi baussent d’EU exportéiert ginn, wéi intern Transferte vun deem Material géif gemaach ginn, esou de Gusty Graas.

“Dat ass schonn e Paradox, well eis Arméie sech gréisstendeels net an Europa approvisionéieren, mee ausserhalb der Europäescher Unioun.”

Dem Gusty Graas no sollen an Zukunft 40 Prozent vum Arméimaterial zesumme vun der Europäescher Unioun ugeschaft ginn.

Yuriko Backes: Lëtzebuerger Rüstungsindustrie ausbauen

D’Liz Braz vun der LSAP huet kritiséiert, datt d’EU-Kommissioun net genotzte Suen aus der Kohesiounspolitik an d’Verdeedegung ëmleede wéilt.

“Dat ass fir eis eng rout Linn. Mëttel, déi eigentlech fir déi sozial Kohesioun sollen agesat ginn, däerfen elo net ëmgeleet ginn, fir an d’Rüstungsindustrie z’e investéieren.”

De Marc Baum huet erkläert, datt déi Lénk méi Militärdépensen net ënnerstëtzen. Am leschte Joerzéngt wiere scho gigantesch Zommen doran investéiert ginn.

“Wou sinn dann déi iwwer 2.400 Milliarde verschwonnen, wa mir elo op eemol feststelle mussen, dass Europa anscheinend komplett wehrlos wier?”

Dem Marc Baum no wieren duerch vill Rüstungsskandaler Steiersue “verhonzt ginn”.

Der Verdeedegungsministerin Yuriko Backes (DP) no misst déi entspriechend Industrie hei am Land ausgebaut ginn. De Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) huet betount, dës Betriber missten an déi europäesch Liwwerketten erakommen.

play_arrow Lauschteren