D’NATO huet um Donneschdegmëtteg dee gréisste Programm fir opzerüsten zënter Joerzéngten decidéiert. En vue vun der Menace, déi vu Russland ausgeet, sollen d’Capacitéite vun den Alliéierte fir d’Verdeedegung a fir d’Ofschreckung massiv ausgebaut ginn.
Ofwiersystemer fir eegen a kollektiv Defense
Lëtzebuerg engagéiert sech ënner anerem dofir, an d’Loftofwier ze investéieren. An den nächste Jore sollen zwee Systemer - ee fir Kuerzstreckerakéiten an ee fir ballistesch Attacken ofzewieren - ugeschaaft ginn, esou d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes am 100,7-Interview.
Déi Ofwiersystemer kéinte wann néideg un d’Front geschéckt ginn, mee wieren och wichteg, fir kritesch Infrastrukturen zu Lëtzebuerg ze protegéieren.
"Et ass och wichteg fir eis Eegeverdeedegung, dass mir esou Capacitéiten hunn. Mir hu kritesch Infrastrukturen an eisem Land, déi haut am Fong vu kengem System couvréiert sinn. Zum Beispill de Findel. Mir hunn haut keng Capacitéit fir eis, wann de Findel géif attackéiert ginn, kënnen ze verdeedegen. Dat heescht, hei schwätze mir vu Capacitéite fir eis eege Verdeedegung, mee déi och deployabel si fir déi kollektiv Defense."
Béid Systemer solle bis an den “Ufank 2030er Joren” deployabel sinn, esou d’DP-Politikerin. Ee Käschtepunkt dofir wollt d’Ministerin net nennen. Et géif sech ëm ee “risege finanziellen Invest” handelen. D’Verhandlunge mat verschiddenen Entreprisë géifen den Ament lafen.
Mobil Tankstatioun a Militärklinik
Lëtzebuerg soll och eng mobil Tankstatioun kréien, déi a Krichssituatioune kann deployéiert ginn. Dës Weidere gesäit de Programm vir, den NATO-Fluchhafen auszebauen, an datt d’Infrastrukturen am Grand-Duché installéiert gi fir militäresch Truppen ze logéieren, déi d’Land passéieren, fir kënnen anzwousch anescht an den Asaz ze goen.
Zesumme mat der Belsch soll och ee mobilt Militärspidol op d’Bee gestallt ginn.
Schliisslech wier Lëtzebuerg och gefrot ginn, “op de Wee vu Kampfdronen” ze goen, esou d’Yuriko Backes. Konkret géing dat heeschen, an den nächste Joren nieft Observatiounsdronen och grouss arméiert Dronen unzeschafen. Dee Schrëtt géif awer eréischt kommen, nodeems d’Capacitéite fir Observatiounsdronen ze produzéieren, ausgebaut goufen, esou d’Ministerin.
"Ech hunn och d'Chamber iwwer déi ganz Verhandlungen informéiert. Ech mengen, et ass wichteg, vue dass mir hei iwwer dës Regierung eraus Ziler gefrot ginn ëmzesetzen, dass déi Diskussiounen ëmmer an absolut totaler Transparenz gefouert ginn."
De Programm vun der NATO wier “op der Basis vun enger fairer Laaschtenopdeelung a raisonnabelen Efforte fir déi eenzel Alliéiert entwéckelt ginn”, esou d’Ministerin. Et gëlle verschidden Delaien, déi eenzel Punkte solle bannent de nächste fënnef bis 20 Joer erfëllt ginn.