D‘Ursaach vun der Stroumpann war d‘Beschiedegung vun engem Kabel bei Ausgruewungsaarbechten op engem Chantier. Dat huet den Netzbedreiwer Creos gëschter Owend an engem Communiqué matgedeelt.
Den Tëschefall war géint 17:20 Auer gëschter Owend. D‘Ekippe vun der Creos wieren direkt intervenéiert, a ronn eng hallef Stonn méi spéit wier d‘Stroumalimentatioun fir all d‘Cliente retabléiert ginn, mat Ausnam vum FM-Sendemast.
Deen hätt eréischt géint 21:20 Auer, also véier Stonnen no der Pann, nees kënnen a Betrib goen, esou d'Creos.