Do ass bekanntlech den 23. November ee Referendum, wou d‘Ierpeldenger gefrot ginn, op hir Gemeng d‘Sondéierungsgespréicher iwwer d‘Nordstad-Fusioun mat Dikrech, Ettelbréck a Schieren soll weiderféieren, oder net.
Zu Bierden ware vill Leit op der Informatiounsversammlung gëschter Owend éischter skeptesch.
E gläichberechtegte Partner?
Déi Kléng géint déi méi Grouss war - graff ausgedréckt - eent vun de Leitmotiver bei den Aussoen ënner de ronn 80 Leit, déi gëschter um Donneschdegowend op der Informatiouns-Versammlung am Kulturzenter zu Bierden de Mikro an de Grapp geholl hunn.
"A wéi kann herno an enger Fusioun Ierpeldeng als ee gläichwäertege Partner wouer geholl ginn?" war eng Fro, déi vill Leit sech gestallt hunn.
De Buergermeeschter Claude Gleis gouf es net midd fir ze soen: Ierpeldeng-un-der-Sauer wier bei enger Fusioun mat Dikrech, Ettelbréck a Schieren, net just e gläichberechtegte Partner, mee vill méi wéi dat.
"Mir leien tëschent Dikrech, mir leien tëschent Ettelbréck zu Ierpeldeng, zu Angelduerf. Do ass natierlech nach vill Terrain fräi. E Projet phare ass eng Nordstad Arena, eng Mini-Coque, hei an der Géigend."
Wandmillen zu Bierden sinn e seperate Sujet
Mee: An d‘Géigend vu Bierden soll och eng Wandmille kommen, déi Dikrech an Ettelbréck am Ausgang vu Bierden, 750 Meter vun den Haiser ewech, bauen. D‘Biergerinitiativ "Energie mat Verstand" probéiert de Projet nach ze stoppen, an et gëtt op weider geriichtlech Decisioune gewaart.
Och den Ierpeldenger Gemengen- a Schäfferot sinn alles anescht wéi frou iwwer den Emplacement vun där Wandmillen, mee et wier elo ze spéit. De Projet wier net méi ze stoppen, seet den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis, dee gëschter Owend ëmmer nees betount huet: D'Wandmille wier e separate Sujet, an hätt näischt mat der Nordstad-Fusioun ze dinn.
Mee verschidde Bierger gesinn dat anescht: Déi Kleng, an dësem Fall Bierden an d‘Gemeng Ierpeldeng, géifen hei vun de méi Groussen - Dikrech an Ettelbréck - ënnerbottert ginn, an dat wier kee gutt Virzeeche fir eng zukünfteg Fusioun.
Predestinéiert fir Wuesstem
Eng Fusioun heescht virun allem méi Suen, méi Méiglechkeeten, méi Projeten, méi Angeboter, méi Wuesstem, esou d'Argumenter. Déi aner Säit vun der Medail: Méi Verkéier, méi Kaméidi, méi Stau, méi Stress a méi Distanz zum Bierger.
Mee Ierpeldeng op der Sauer géif souwisou wuessen – mat oder ouni Fusioun - huet de Schäffe Frank Kuffer betount.
"Et komme sécher an d'Gemeng méi Leit wunnen, mat Fusioun oder ouni Fusioun. Dat verännert keen. Iergendwann - ech weess net, ob mir dat nach erliewen - ass d'Gemeng Ierpeldeng méi grouss wéi Dikrech."
An dofir wier grad wichteg, mat deenen aneren zesummenzeschaffen.
Ierpeldeng kéint dat net eleng stemmen, an duerch d‘Fusioun krit d‘Gemeng däitlech méi Suen. D‘Dotatioune géife 25 Prozent eropgoen, esou de Buergermeeschter Claude Gleis.
Keen Ierpeldeng, keng Nordstad?
Ëmmer nees huet hien och probéiert ze erklären, datt de Referendum iwwer déi eigentlech Fusioun eréischt 2027 geplangt ass. Beim Referendum elo, den 23. November, géif et also net ëm d‘Fusioun goen, mee dorëm, ob Ierpeldeng weider Sondéierungsgespréicher iwwer d‘Fusioun mat deen aneren 3 Gemeng soll féieren.
De Fazit vum Ierpeldenger Buergermeeschter:
"Wann et fir d'Ierpeldenger kee Sënn mécht an si den 23. November Nee soen, da si mir komplett eraus. A wann och Ierpeldeng aus dem Fusiounsprozess eraus wier, da kann ee bezweifelen, datt dee Projet Nordstadfusioun iwwerhaapt nach eng Zukunft hätt."