Éischten Informatiounen no wieren zwee maskéiert Täter mat enger Waff era komm fir Suen an Zigaretten ze klauen. Si sinn duerno geflücht.
D‘Police huet eng grouss Sich mat e puer Unitéite lancéiert. Dat awer ouni Succès. Eng Enquête wier ageleet ginn, esou d‘Police.
All eventuell Zeie solle sech iwwer Email bei der Police judiciaire mellen, esou d‘Police.
Zeienopruff och am Raum Dikrech
E weideren Zeienopruff mécht d‘Police da wéinst engem versichten Abroch hënt zu Dikrech. Géint 1:45 Auer wieren um Terrain vun enger Firma zu Dikrech 3 Leit gemellt ginn, déi do näischt verluer haten. Si wiere vun engem Sécherheetsagent iwwerrascht ginn a fortgelaf.
Eng Sich no hinnen huet awer näischt bruecht. All eventuell Zeie soll sech bei der Police vun Dikrech/Veianen mellen.