Bei de Käschte fir den Trounwiessel hätt keen eppes wëlle verstoppen, esou déi Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer op Nofro hi virun der Press. Déi vill Diskussiounen iwwer dës Käschte fënnt d’DP-Politikerin “normal”. D’Lydie Polfer war jo kritiséiert ginn, well si am Virfeld vum Trounwiessel kee Käschtepunkt genannt hat. Si ass net der Meenung, datt si sech Diskussiounen erspuert gehat hätt, wann si virdrun eng Zomm genannt hätt, wéi si haut um Mëttwoch erkläert huet.
Réischt um Méindeg an der Sëtzung vum Gemengerot hat d’Buergermeeschterin op Nofro vun der Oppositioun matgedeelt, datt d’Stad Lëtzebuerg ronn 4,9 Milliounen Euro fir d’Festivitéite vun Ufank Oktober wäert ausginn.
Locatioun vun der Bün
Um Mëttwoch de Moien huet d’Lydie Polfer preziséiert, datt eleng d’Locatioun vun der grousser ronner Bün um Glacis, d’Stad ronn 1,98 Milliounen Euro kascht huet. Dat wier “ganz deier”, huet d’Buergermeeschterin zouginn.
"Mir hunn déi net erausgesicht. Déi war eebe partie intégrale vun deem Spektakel, deen do organiséiert ginn ass. An do ware jo déi Leit, déi och d'Olympesch Spiller zu Paräis organiséiert haten, zu engem gudden Deel dobäi."
Déi Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer huet donieft nach preziséiert, datt d’Stad Lëtzebuerg och fir d’Iwwerdroe vun de Biller de 4. Oktober vum Glacis misst bezuelen. Eng Zomm dofir huet si net genannt.
14 Milliounen Euro
Alles an allem läit de Käschtepunkt fir d’Festivitéite fir den Trounwiessel bei iwwer 14 Milliounen Euro. Dozou gehéieren ënner aanerem och d’Ausgabe vum Staat, vun der Chamber a vun de Gemengen.