Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'WHO mellt fir 2024 duebel esou vill Fäll vu Riedele wéi dat Joer virdrun

Viral Krankheet

D'WHO mellt fir 2024 duebel esou vill Fäll vu Riedele wéi dat Joer virdrun

Dat wier den héchste Stand zënter 1997, heescht et am Rapport vun der WHO an Zesummenaarbecht mat UNICEF. 2024 hätt een zu Lëtzebuerg 3 Fäll verzeechent, esou de Joël Mossong, Epidemiolog bei der Inspection Sanitaire vun der Direction de la Santé.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Riedelen | © Adobe Stock / Dan Race play_arrow
Riedelen (Foto: Adobe Stock / Dan Race)

Bei den éischt-Impfunge géint d'Riedelen hätt een zu Lëtzebuerg en Taux vun iwwer 95 Prozent, esou den Expert Joël Mossong. Domat hätt een zu Lëtzebuerg de Moment eng Häerdenimmunitéit - dës wier ab enger Duerchimpfung vu 95 Prozent vun der Bevëlkerung garantéiert. Zu Lëtzebuerg hätt een et virun allem mat Fäll ze dinn, déi aus dem Ausland importéiert gi wieren an déi net zu weideren Iwwerdroungen hei am Land geféiert hätten.

Héichinfektiéis Krankheet

A Bosnien an Herzegowina, Montenegro, Nordmazedonien a Rumänie waren am Joer 2023 manner wéi 80 Prozent vun de Kanner géint d'Riedele geimpft. Rumänien huet am Joer 2024 dann och déi héchste Fallzuel un infizéierte Persounen an Europa verzeechent. Riedele wieren eng vun den am heefegsten iwwerdrote Krankheeten an deem Sënn, datt sech ganz vill Leit a kuerzer Zäit kënnen domat ustieche, erkläert de Joël Mossong.

"Déi faméis R-Zuel, déi ass fir d'Riedelen u sech, dass deen héchste Wäert vun alle virale Krankheeten, dee gëtt sou bei 15 an 20 ageschat."

Dat heescht konkret, datt eng Persoun an der Moyenne bis zu 15, oder souguer bis zu 20 Persoune kann ustiechen.

De Risiko, datt de Virus sech zu Lëtzebuerg ausbreet, wier de Moment duerch den héijen Impftaux geréng.

Doudesfäll an den USA

An den USA gesäit et den Ament anescht aus. Hei wiere ganz Communautéite géint eng Impfung, wat dann dozou féiere géif, datt de Virus sech ënner de Kanner an de Schoulen oder Crèchë séiert verbreet, esou de Joël Mossong. Bei ronn 200 Fäll wieren do zwee Kanner gestuerwen. "Dat heescht, dat ass schonn eppes Seriöes", esou de Joël Mossong.

Fir géint d'Riedelen immun ze sinn, muss een sech impfe loossen, oder de Virus enger Kéier gehat hunn. Wann ee Riedelen am Erwuessenenalter kritt, klëmmt iwwerdeems de Risiko vun engem méi schwéiere Krankheetsverlaf.

Lauschterenplay_arrow