Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Broschtkriibs: Firwat si Mammographien esou wichteg?

Octobre rose

Broschtkriibs: Firwat si Mammographien esou wichteg?

Dëse Samschden, 5. Oktober, ass nees de Broschtkriibslaf zu Hesper. E Spendelaf dee vun der ASBL Europa Donna organiséiert gëtt. D'ASBL setzt sech ënner anerem fir d'Opklärung vu Fraen an d'Ënnerstëtzung vu Betraffenen an. D'Dany Frank, Fräiwëlleg bei Europa Donna a selwer Iwwerliewend vu Broschtkriibs, kläert am 100,7-Interview iwwer d'Wichtegkeet vu Mammographien op. 

auto_stories

4 min

headphones

13 min

play_arrow
De rosa Putsch ass en internationaalt Symbol fir d'Solidaritéit mat de Fraen déi u Broschtkriibs erkrankt sinn. (Foto: Bigstock)

Grad um Sprong fir an d'Pensioun an dann d'Diagnos: Broschtkriibs. Fir d'Dany Frank e Schock, awer och e Weckruf. Duerch eng Mammographie, déi si am Fong guer net wëlles hat ze maachen, gouf bei hir déi 7 Millimeter grouss Tumeur fonnt. 

Fréierkennung ass wichteg

Mëttlerweil engagéiert sech d'Pensionärin bei der ASBL Europa Donna. Aus där Aarbecht géif si och vill fir sech perséinlech rauszéien. Hir wier et awer elo wichteg iwwer Broschtkriibs opzeklären - virun allem iwwer d'Preventioun dovunner. 

De Gesondheetsministère invitéiert alleguer d'Fraen tëscht 45 a 74 Joer all zwee Joer fir eng Mammographie ze maachen. Eng Mammographie ass eng Method zu Fréierkennung vu Broschtkriibs. Dobäi gi mat niddereg doséierte Rëntgestrale Biller vu bannen der Broscht gemaach. Also quasi eng Rëntge vun der Broscht. Speziell dorunner ass awer, datt d’Broscht dobäi tëscht zwou Platten zesummegedréckt gëtt, fir esou d’Geweebe vun der Broscht platt ze drécken. Doduerch kënne besser Biller gemaach ginn an et si manner Rëntgestralen néideg wéi bei enger normaler Rëntgen. Domat ass d’Mammographie de Goldstandard bei der Fréierkennung vu Broschtkriibs.

Net genuch Leit sinn opgekläert

Nëmmen 50 Prozent vun deenen invitéierte Frae ginn och duerno wierklech an d'Mammographie. Dat kéint dru leien, datt een d'Mammographie als onangeneem empfanne kann. Awer haaptsächlech well d'Fraen net iwwer d'Wichtegkeet vun der Ënnersichung opgekläert sinn. 

Dat nämmlecht gëllt fir déi jonk Fraen. Net genuch Frae wéiste wéi a wéini si hir Broscht richteg missten ënnersiche fir eventuell Verännerungen ze bemierken. Dat nennt sech Autopalpatioun an ass immens wichteg dat vu jonkem Alter u reegelméisseg ze maachen. 

Am rosa Oktober läit den Haaptfokus fir Europa Donna an der Opklärungsaarbecht. Mam Broschtkriibslaf ginn ënner anerem Spende gesammelt, déi Europa Donna hëlt fir Betraffenen verschidden Therapien ze erméiglechen, déi net vun der Krankekeess iwwerholl ginn. 

Umelle kann ee sech nach muer op der Plaz selwer. Depart ass um 10 Auer. 

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschtert den Interview mat der Dany Frankplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
International
National
Wëssenschaft