D‘Joëlle Fritz vum LIH war bei eis am 100,7 Interview. Si fuerscht beim Luxembourg Institute of Health mat u Parkinson. D‘Fuerschung un der Krankheet hei am Land gëtt weltwäit unerkannt.
An de leschten 10 Joer konnt een Donnéeë sammele vun 1.000 Leit mat Parkinson, awer och 800 Leit ouni d‘Krankheet, oder mat engem Risikofacteur fir d'Krankheet ze kréien. D'Joëlle Fritz erkläert, datt ee mat Hëllef vun dësen Donnéeën Enn dës Joers eng grouss ugeluechten Etüd kann ufänken.
Mat siwen internationale Partner wëllt een doduerch eng Therapie ubidden, u Leit, déi ee bestëmmte Krankheetsverlaf hunn. D'Hoffnung ass et, datt mat dëser Therapie net just d'Symptomer, mee och d'Ursaach ka bekämpft ginn.