Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Royel Otis - Claw Foot

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éiwegkeetschemikalien: Zu Lëtzebuerg ginn nach net genuch Donnéeë gesammelt

Ëmwelt- a gesondheetsschiedlech

Éiwegkeetschemikalien: Zu Lëtzebuerg ginn nach net genuch Donnéeë gesammelt

D’Chimiesprofessorin Emma Schymanski fuerscht op der UNI.lu cheemesch Substanzen, déi d’Ëmwelt belaaschten. Also och d’Éiwegkeetschemikalien, déi net kënnen ofgebaut ginn an dobäi och Ëmwelt- a gesondheetsschiedlech sinn. Si seet, wat si méi sichen, wat ee méi där PFAS-Chemikalie fënnt.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Chris Zeien play_arrow
(Foto: Chris Zeien)

PFAS sinn eng Verbindung tëschent Chlor a Fluor. Eng ganz staark Verbindung, déi net natierlech virkënnt, erkläert d'Emma Schymanksi. Well se esou staark sinn, kënne se net ofgebaut ginn, héchstens a ganz kleng Eenzeldeeler verklengert. Dat hëlt se awer och net aus der Ëmwelt eraus. 

Schiedlech fir Ëmwelt a Gesondheet

D'PFAS gi wéinst hiren Eegenschaften, déi zum Beispill Flëssegkeeten ofweisen, a ganz ville Beräicher genotzt. Fir Beschichtung vu Panen, an de Kleeder, op veraarbechtem Pabeier. An och a Medikamenter gi PFAS-Chemikalien agesat.

Entweder duerch d'Ofnotzen oder eben duerch d'Anhuelen an d'Ausscheede geroden d'PFAS-Chemikalien an d'Ëmwelt. 

D'Drénkwaasser kéint een zu Lëtzebuerg awer ouni Bedenke consomméieren, ënnersträicht d'Cheemikerin. 

Net genuch Donnéeën zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ginn et nach net genuch Donnéeën, fir richteg kënnen ze wëssen, wéi vill PFAS-Chemikalien am Ëmlaf sinn. Mat héije Konzentratiounen, wéi se an den Nopeschlänner virkommen, rechent een hei zu Lëtzebuerg awer net.

An der Chamber sinn haut déi sougenannte PFAS een Theema. Wéinst hire Risike fuerdere véier Oppositiounsparteien een Aktiounsplang vun der Regierung. Ënner anerem eng Verbesserung vun den Donnéeën. 

Generell fënnt d'Fuerscherin d'Propose vun den Oppositiounsparteie gutt, deelweis awer och immens "haart". Zum Beispill d'Fuerderung, alleguer d'PFAS-Quellen ze stoppen.

Lauschterenplay_arrow