Faarweg Verpackungen, allerlee séiss a saierlech Goûten an e relativ niddrege Präis. Dat sinn d’Atouten déi d’Puffs, och Vapes genannt, grad fir déi Jonk immens attraktiv maachen. Eng europawäit Etüd huet erausfonnt, datt besonnesch déi 15-24 Järeg zu dësen E-Zigarette gräifen, déi een awer just eemol benotze kann. Och eng Woch nom offizielle Verbuet a Frankräich gesäit ee se nach op ville Plazen, zum Beispill virun engem Paräisser Lycée.
Vill vun de Jonke gleewen net dorun, datt d’Verbuet vill bewierke wäert, well een se relativ einfach online oder iwwer Plattformen ewéi Snapchat kafe kann. Trotzdeem begréissen si d’Verbuet, well d’Puffs e staarkt Suchtpotenzial hunn.
Verkeefer rechnen net mat grousse Verloschter
A wéi gesinn d’Buralisten, also d’Verkeefer vun Nikotinproduiten dëst Verbuet? D’Vereenegung huet net op Nofroe reagéiert, och an de Paräisser Tubaksbutteker ass een zeréckhalend. Mee et rechent een net mat grousse Profitverloschter. Virun allem, well déi meescht Jonker ënner dem Mindestalter 18 Joer op anere Plazen hier Puffs kaaft hunn, verréit ee Paräisser Buraliste, zum Beispill iwwer Snapchat oder a klenge Superettes.
D‘Gesondheet an d‘Natur leiden ënnert de Puffs
De Michel Lauzzana ass Dokter an Deputéierte vun der Partei “Ensemble pour la République”. Hien huet als Rapporteur den Text fir d’Verbuet matbruecht. E Gesetz wat am Parlament vun alle Parteien ënnerstëtzt gouf. D’Verbuet wier wichteg, well vill Jonker duerch d’Puffs och zu aneren Nikotinproduite gräifen, sou de Lauzzana. D’Puffs bestinn aus vill Plastik an enger Lithium-Batterie a ginn nom Gebrauch wechgehäit. Dofir ass et niewent der Gesondheet och d’Ëmwelt déi ënnert dëse leit.
Ee Steen un d‘Rulle bréngen
D’Gesetz a Frankräich soll e Steen an d’Rulle bréngen an och aner europäesch Länner dozou beweegen, dës E-Zigaretten ze verbidden, seet de Michel Lauzzana. Grad esou kéint een och méi effikass verhënneren, datt dës ëmmer nach am Ëmlaf bléiwen.
An zu Lëtzebuerg?
Hei zu Lëtzebuerg fënnt een déi eemoleg Puffs oder Vapes awer nach. An zwar an all Kiosk wou et Tubaksproduite gëtt. Fir déi méi durabel Variant, fir opzefëllen, ze kafen, muss een an den Internet oder an e spezialiséierte Vaping-Shop goen.
An engem Kiosk fënnt een déi kleng elektronesch Zigarette fir ewech ze geheien an alle Faarwen an an alle Goûten- mat Nikotin oder anscheinend ouni. Et gesäit aus, wéi wa fir jiddereen eppes dobäi wier. De Marketing viséiert virun alle, déi Jonk, erkläert d‘Margot Heirendt, Directrice vun der Fondation Cancer
Dowéinst fuerdert d’Fondation Cancer och e Verbuet vun de Wegwerf-E-Zigaretten. D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez berifft sech awer dorop, datt ee sech un eng EU-Direktiv misst halen. Deemno hätt een den Ament „keng Handhab“ fir just déi Zort vun E-Zigaretten ze verbidden.
Eng Méiglechkeet besteet iwwer d'Offallgesetz...
Et géif eng Méiglechkeet bestinn, seet d’Martine Deprez: Dat wier iwwert de Wee vum Offallgesetz. Nieft engem wirtschaftlechen a gesondheetlechen Impakt hu Wegwerf-E-Zigaretten nämlech och en Impakt op d’Ëmwelt. Si produzéiere vill Elektroschrott, deen nëmme schwéier ze recycléieren ass a si si mat Lithium Batterië bedriwwen.
D‘Gespréicher mam Ëmweltministère géife lafen, erkläert d‘Martine Deprez. Wat och vum Ëmweltministère op Nofro hi confirméiert gouf.
… Déi aner iwwer d'Tubaksgesetz
D’Fondation Cancer seet awer et géif och de Wee iwwert d’Tubaksgesetz ginn. Dofir misst d’Ministesch eng Approbatioun beim Executif européen ufroen. Sou huet zum Beispill d’Belsch et gemaach.
Fir d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Kriisbsfondatioun, ass et egal iwwer wéi ee Wee d’Verbuet kënnt, et sollt just esou séier wéi méiglech kommen.