LUXEOSys ass e Satellit vun duebeler Notzung, also zivil a militäresch. E ka bis zu 100 Biller mat héijer Opléisung pro Dag produzéieren. De Satellit wäert fir militäresch Iwwerwaachung benotzt ginn, fir d'Gestioun vu Katastrophen, fir humanitär Hëllef, a fir de Suivi vum Klima, esou d'Directrice vun der Defense, d'Nina Garcia, am 100,7-Interview.
"Et ass eng, wat mir nennen, eng Dual-Use-Capacitéit. Dat heescht, et ginn eng ganz Rei Applikatiounen, souwuel militäresch wéi ziviller. Et kann een de Satellit benotze fir de Monitoring ze maache vun zum Beispill Truppemouvementer oder militäreschen Operatiounen, de Monitoring vun Desarmement-Traitéen, mee natierlech kann een awer och kucken de Monitoring ze maache vum Impakt vun Naturkatastrophen oder vum Klimawandel."
Daten u verschidde Partner liwweren
De Satellit gouf vun der italieenescher Firma OHB Italy entwéckelt. E soll ufanks vum nächste Joer komplett operationell sinn.
Mam LUXEOSys Satellit wäert Lëtzebuerg seng Weltall Verteidegungs-Strategie verstäerken. De Satellit wäert et méiglech maachen, Daten un d'NATO, d'EU, d'UNO an aner Partner ze liwweren, esou nach de Verteidegungsministère.