arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréisst Rakéit, déi jee gebaut gouf, besteet 10. Testfluch

Starship vu SpaceX

|
headphones

1 min

Gréisst Rakéit, déi jee gebaut gouf, besteet 10. Testfluch

Déi grouss US-amerikanesch Rakéit Starship vu SpaceX huet mat Succès hiren 10. Testfluch gemaach. Déi gréisst Rakéit, déi jeemools gebaut gouf, ass vun der SpaceX Weltall-Gare an Texas fortgeflunn a ronn eng Stonn méi spéit am Indeschen Ozean gelant.

headphones

1 min

© EPA/MICHAEL GONZALEZ
(Foto: EPA/MICHAEL GONZALEZ)

Bei dësem Testfluch, deen zweemol verluecht gi war, huet d'Rakéit och fir d'éischte Kéier d'Aussetze vu Satellitte simuléiert.

Déi amerikanesch Weltraumagence NASA wëllt mat der Starship-Rakéit Astronauten op de Mount bréngen. Wärend SpaceX d'Zil huet mat Starship och Astronauten op de Mars ze schécken.