arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump mécht sech elo awer fir d'Publikatioun vun den Epstein-Files staark

Iwwerraschend Entwécklung

|
headphones

1 min

Donald Trump mécht sech elo awer fir d'Publikatioun vun den Epstein-Files staark

Iwwerraschend Entwécklung am Dossier Jeffrey Epstein: Den US-amerikanesche President Donald Trump huet elo erkläert, hie géif e Vott vum Representantenhaus ënnerstëtze fir d'Epstein-Dokumenter ze verëffentlechen. Bis elo hat hien esou e Schrëtt blockéiert.

headphones

1 min

© EPA/SAMUEL CORUM / POOL
(Foto: EPA/SAMUEL CORUM / POOL)

Et wier Zäit déi Fakten ze verëffentlechen, well mir näischt ze verstoppen hunn an den demokratesche Canular mussen op en Enn bréngen, esou den Donald Trump op Truth Social.

Den Trump huet an engems nees demokratesche Politiker virgeworf an den Dossier verstréckt ze sinn.

An der Lescht war et bei de Republikaner selwer zu Onstëmmegkeete komm, well den Donald Trump eng Verëffentlechung geblockt hat.