Op Telegram huet hie geschriwwen, datt d‘USA elo e Géigner wieren. De grousse "Friddensstëfter" Trump wier elo op Krichsfouss mat Russland.
Dëst sinn déi éischt Sanktiounen, déi d‘USA an der zweeter Amtszäit vum Donald Trump verhaangen hunn. Déi Decisioun wier geholl ginn, well de russesche President Wladimir Putin géif refuséieren, e sënnlose Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen.